Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek aus verschiddene Bléckwénkelen

Eng nei Plack: 2020

Musek aus verschiddene Bléckwénkelen

De Richard Dawson ass ee Songwriter vun Newcastle Upon Tyne, aus Nordengland. Et ass eng Géigend, wou d'Leit anescht wéi zu London vill ekonomesch a gesellschaftlech Schwieregkeete matkréien.

auto_stories

3 min

Zéng Joer laang huet hien a Plackegeschäfter geschafft, bis sech iwwerhaapt d'Geleeënheet gebueden huet, eng Carrière als Museker unzefänken. Dat huet hien 2007 gemaach mat enger Plack, déi hien einfach "Richard Dawson Sings Songs and Plays Guitar" genannt huet.

Bescheidenheet ass hei de Maître-mot, an och eng Zort Éierlechkeet, déi den Nolauschterer direkt matkréien an appreciéiere kann.

An engem gewëssene Sënn. De Begrëff 20/20 kënnt awer och am Ausdrock twenty-twenty Hindsight, op lëtzebuergesch "Duerno weess een alles besser". Tëschent "grad just" a "ganz geschwënn" charakteriséiert den Dawson also eng Tranche Realitéit, mam Vermierk, datt d'Zäite séier wiesselen. An deem Sënn ass d'Plack eng Moment- a Bestandsopnam, en Documentaire.

Mixed Media

Musikalesch gesi kënnt den Dawson aus dem Folk. Mee hien ass och verséiert genuch, aus anere Stiler ze léinen, wann et dat, wat hien ausdrécke wëllt, bekräftegt.

Op der Single "Jogging" zum Beispill spillt hien op enger verstäerkter, hallef futtisser akustescher Gittar Power Chords, déi ënner Rosereie referenzéieren, wéi ee se aus dem Metal oder Hardcore kennt. Statt eesäiteg Expressiounen ze fleegen, spillt den Dawson mat verschiddene Bléckwénkelen.

Liewens-Geschichten

Verschidde Bléckwénkele ginn et och an den Texter: den Album lauschtert sech wéi eng Sammlung vu Kuerzgeschichten. Mat Facilitéit schlüpft den Dawson an d'Roll an an de Bléckwénkel vun deene Leit, déi hien ëmginn, oder vun erfonnte Leit.

Seng eegen an Aneren hir Doleancen trëfft hien op treffend a réierend Aart a Weis. E bëssen esou wéi d'Beatles et mat Lidder wéi "Eleanor Rigby" oder "She's Leaving Home" gemaach hunn.

A wéi kënnt dat Ganzt un? Ass de Richard Dawson bekannt?

Hautdesdaags ass jiddwereen, deen e bësse méi eppes anescht mécht, off-Mainstream, an domat ausserhalb vun de grousse Verkafszuelen. Opmierksamkeet hunn dem Dawson seng Placken awer wuel op sech gezunn. "Peasant", eng Charakteriséierung vum Bauerestand an der moderner Welt, hat de Kader wäit gesprengt an esouguer mat mëttelalterlechen Ukläng gespillt, fir modern gesellschaftlech Riften zur Sprooch ze bréngen.

De Magazinn Quietus, dee sech mat Musek, Bande dessinéen, Architektur, Séien a villem Méi beschäftegt, hunn dës Plack 2017 zu hirem Album vum Joer gemaach, an hei schaffe vill fréier Mataarbechter vu Melody Maker, NME, Q etcetera.

Generéis Musek

D'Musek huet eppes ze soen, a presentéiert eng faarweg Tapéit vun Andréck, déi vun der einfacher Volleksweis bis hin zu komplexe Stilzitater goe kann. D'Stëmm ass esouwuel charmant, wéi och expressiv. Et kann ee kaum ewechlauschteren, wann ee bis iergendwou accrochéiert huet. Et ass eng Plack, déi méi wéi eemol Lauschtere mat Sécherheet belount.