Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek, déi ënner d'Haut geet

Neil Young - On The Beach

Musek, déi ënner d'Haut geet

Dem Neil Young säi fënneften Album "On The Beach" feiert dëse Mount 45 Joer. Eckeg Gittaren an e gemittleche Rock'n'Roll Vibe encadréieren déi Kéier seng engagéiert a bësseg Texter. "On The Beach" ass eisen Déjà-Vu Album vun der Woch, presentéiert vum Jamie Reinert.

auto_stories

5 min

"Wahrscheinlech ee vun den depressiivsten Alben, déi ech jee opgeholl hunn". Esou huet den Neil Young "On The Beach" eemol beschriwwen. Hien huet nach ëmmer um Doud vu sengem Crazy Horse Akolyt Danny Whitten geknat. Seng Bezéiung mat senger deemoleger Frëndin ass an d'Bréch gaangen an de kommerzielle Succès huet zu weideren Onzefriddenheete geféiert.

E mentalen Zoustand, aus deem labber an duseleg Stécker gefloss koumen. Opgeholl mat enger Equipe vun eegenaartege Museker, dorënner Membere vun The Band oder och en exzentresche Mann aus dem Bayou, de Rusty Kershaw. E Personnage, deen am Studio eng rau a gestéiert Ambiance gefiddert huet.

Den Opener um Album héiert sech jiddefalls éischter positiv un. Den Neil Young adresséiert sech ënner anerem un d'Southern Rock Band Lynrd Skynrd, déi dem Kanadier seng kritesch Beschreiwung vum Süden a Lidder wéi "Alabama" oder "Southern Man" net gutt opgeholl haten. "Walk On" ass e Lidd mat engem simpele Message. "Some get stoned, some get strange. Sooner or later it all gets real."

De réien Toun vum Album gouf wéi gesot vum Rusty Kershaw gedriwwen. E wëllen, exzentresche Mann aus de Sumpfe vu Louisiana. U sech héiert een de Museker nëmmen op zwee Stécker. Eng Kéier spillt e Steel Gittar, déi aner Country Fiddle. Säin Afloss huet sech gréisstendeels hanner de Kulissen ofgespillt.

E lockere Sound

Mat senge sougenannte mud slides goufen d'Museker an aner Sphäre gehuewen. Dem Steel Gittarist Ben Keith no si Verschiddener wéinst dëse komesche Kichelcher esouguer an d'Gette gaangen. De lockere Sound an de Fait, datt d'Stécker gemittlech dohiplätscheren, sinn heiduerch ze erklären.

De Rusty Kershaw hat och en onberechenbart Behuelen. Well dem Neil Young a senger Band hir Performance vu "Revolution Blues" him net gutt genuch war, huet hien ugefaange Saache vreckt ze schloen a sech wéi eng Schlaang um Buedem ze wänzelen. "Esou start een eng Revolutioun", huet hie viru jiddwerengem am Studio gesot. D'Versioun, déi schlussendlech op "On the Beach" gelant ass, kléngt op alle Fall intensiv. E Stéck iwwer de Mäerder a Kultgrënner Charles Manson.

Um Cover vun "On the Beach" gesäit een eng surrealistesch Zeen op enger Plage. Am Virdergrond stinn e Parasol an zwee Klappstill mat 60er Blummemuster. Den hënneschten Deel vun engem 59er Cadillac kuckt aus dem Sand eraus, an den Neil Young kuckt eraus op d'Mier. Wann ee genee kuckt, gesäit een och eng Zeitung, déi aarmséileg um Buedem läit mat der Headline "Senator Buckley Calls For Nixon To Resign". Mir si Mëtt 1974 an d'Effekter vum Watergate Scandal kommen op en Héichpunkt.

Eng nei Richtung

Mat "On The Beach" schéngt den Neil Young enger Epoque Äddi ze soen. De 60er, dem Idealismus an den äusserst blummege Vibes. Ugefaange mat "Time Fades Away" vun 1973 ass den Neil Young eng méi rau Direktioun gaangen. Seng Aarbechte mat Crazy Horse setzen d'Grondlag vu sengem spéidere Status als Pätter vum Grunge.

Mee de Kanadier ass natierlech net vum Folk ze trennen. Op "On The Beach" fënnt een och eng simpel Ballade. Um Titel "On The Turnstiles" héiert een den Neil Young an de Ben Keith mat ongeschlaffene Stëmm-Harmonien. Banjo an Dobro setzen den Toun.

"On The Beach" gouf mat diverse Museker opgeholl. Eng Kontinuitéit a Saache Personal gouf et op dësem Projet net. De Ben Keith an Tim Drummond vu sengem "Harvest" Album waren dobäi. D'Crazy Horse Rhythmus Sektioun Billy Talbot a Ralph Molina an de Rick Danko a Levon Helm vun "The Band" hu matgewierkt. An de Graham Nash an David Crosby dauchen och eng Kéier op. Aus all dësem Chaos huet sech awer eng immens organesch Plack erginn, déi eng mouvementéiert Zäit am Songwriter sengem Liewe festhält. Den ongeschlaffene Sound huet awer vill vu sengen deemolege Fans net gepasst.

D'Sich no Unerkennung

Um Stéck "On The Beach" séngt den Neil Young, datt hien engersäits e grousse Publikum brauch, mee dësem net all Dag géintiwwer stoe kann. Hie sicht no Unerkennung, wëllt awer net an eng kommerziell, erfollegräich Schinn falen, wéi hie mat Crosby, Stills, Nash and Young erlieft huet. Um Titel-Track "On The Beach" héiert een, wéi hie mat sech selwer kämpft. Wonnerbar melancholesch Akkorden encadréiere säi Blues a säi Gittare-Solo geet déif ënner d'Haut.

Am Sunset Sound Studio zu Hollywood gouf de Gros vun "On The Beach" opgeholl. De spartanesche Raum gouf séier méi perséinlech dekoréiert. Couchen a weider Miwwele goufe vun Occasiounsbutteker erbäigeholl a Käerzen sinn am Sall verdeelt ginn. D'Museker hu sech schlussendlech an engem Krees erëmfonnt, no beieneen, wéi an enger Stuff. Den Techniker war net immens glécklech. Hien hat Krämpes d'Museker an dësem donkelen a verfëmmte Raum ze gesinn, an d'Kommunikatioun huet dorënner gelidden.

De Rusty Kershaw huet déi ganz Dekoratiounsaarbechte lancéiert, fir d'Stëmmung opzelackeren. Den exzentresche Museker wollt och ganz no beim Neil Young während den Opname sinn, fir seng Energie souzesoen ze spieren. Den Neil Young war och vum wëlle Mann impressionnéiert, well dësen d'Lidder net am Viraus kenneléiere wollt. D'Musek huet missen direkt aus dem Bauch kommen.

Zum Schluss dann en Titel, wou de Rusty Kershaw och matspillt. Hei héiert een hien op der Slide Gittar. "Motion Pictures" huet den Neil Young senger deemoleger Frëndin, d'Actrice Carrie Snodgress, gewidmet.