Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claire Parsons iwwer "The Aquatic Museum"

Nei Musek vu Lëtzebuerg

Claire Parsons iwwer "The Aquatic Museum"

D'Lëtzebuerger Sängerin a Musekerin presentéiert eng nei, musikalesch Aventure. Zesumme mat der Braatschistin Nicole Miller an dem Museker Laurent Péckels huet si en Ensembel mat epeschen Dimensiounen an d'Liewe geruff.

auto_stories

2 min

Claire Parsons, Sängerin a Musekerin (Foto:Lisa Lahos)

Lauschterenplay_arrow


"Ech wollt en Album schreiwen, dee sech ronderëm d'Waasser dréint", seet d'Claire Parsons. En aquatesche Musée wier eng Kontradiktioun, well een an engem Musée meeschtens keng Flora a Fauna géif fannen, am Géigesaz zum Mier. Um Album hätt och kee Song eppes mat engem Liewewiesen ze doen.

Epesch Dimensiounen

D'Bandmembere kommen aus lauter verschiddene Länner. D'Claire Parons an de Laurent Péckels vu Lëtzebuerg an déi amerikanesch Braatschistin Nicole Miller forméiere mam Produzent Charel Stoltz de Kär vum Projet. Dobäi komme Museker:innen aus der Belsch, Frankräich, Israel an Éisträich.

Ronn 30 Leit wieren um kreative Prozess bedeelegt gewiescht, seet d'Claire Parsons. Dat héiert een op der éischter Single "Large Pleaseure Watercraft". D'Palett u klanglechen Texturen ass ganz breet, an den epesche Schlussdeel vun der Kompositioun huet epesch Dimensiounen.

Inspiratioune vun der Band

Als Inspiratioun nennen The Aquatis Museum dräi Nimm: Sufjan Stevens, Emiliana Torrini an Agnes Obel. Déi Virbiller géifen op all Album anescht kléngen, seet d'Claire Parsons. "Wat ech un hinne gär hunn, ass déi laangwiereg Visioun. Et héiert ee si op all hire Produktiounen eraus, an awer ass ëmmer eng ganz Recherche dohannert. Dono géif si och striewen.

Den Ensembel fir d'Live-Performance besteet aus siwe Leit. Do wéilt een och kee Kompromëss agoen. "Wa mir gebucht ginn, muss et iergendwéi klappen." Et wier keng Optioun, fir zum Beispill ouni Sträicher opzetrieden, seet d'Claire Parsons.

App fir ee visuellen Aspekt

De Visuellen Aspekt vum Projet gouf och mat vill Léift zum Detail ausgeschafft. Awer domat net genuch... Well de Museker Laurent Péckels och App Developer ass, ass zum Projet och eng App entwéckelt ginn. Detailer doriwwer wëll d'Claire Parsons awer nach net verroden, ausser, datt se am Mäerz oder Abrëll soll verëffentlecht ginn.

Den Album kënnt am Mee eraus, bis dohinner ginn nach e puer Singles released.