Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek, fir Kënschtler nach rentabel?

Wirtschaftschronik

Musek, fir Kënschtler nach rentabel?

Musek-Streaming a Piratage veränneren de Geschäftsmodell vun der Museksindustrie weltwäit. Fréier si Museker wéi de Mick Jagger oder de Prince mat hirer populärer Musek räich ginn. Dat war emol. Dee Geschäftsmodell deen d’Musek fréier gedriwwen huet funktionéiert haut net méi. D'Valeur ajoutée fléisst an aner Kanäl.

auto_stories

3 min

De Streaming-Modell geréit ënner Drock. Foto: Bigstock / rawpixel.com

Déi gutt Nouvelle ass, datt d'Museksindustrie kontinuéierlech wiisst. Dat beleet eng Etude, déi rezent vu "UK Music", enger Daachorganisatioun vun der britescher Museksindustrie, publizéiert gouf. Groussbritannien ass op dësem Parquet en ekonomescht Schwéiergewiicht an huet Gruppen a Kënschtler wéi d’Beatles an d’Rolling Stones, den David Bowie an d'Adele ervir bruecht. Et ass en Trendsetter a kritt eng gewëss Opmierksamkeet.

2015 louch d’gesamt Wäertschöpfung an der Museksbranche a Groussbritannien bei 4,1 Milliarde Pond. Bei engem Wuesstems-Taux vu 17 Prozent bannent dräi Joer ass de Museksbusiness méi dynamesch wéi d’Gesamtwirtschaft vu Groussbritannien. An och bei engem Exportwäert vun ongeféier zwou Milliarde Pond, louch d’Musek aus dem Vereenegte Kinnekräich gutt am Trend no uewen.

Am meeschte Sue mat Live-Musek

Déi schlecht Nouvelle - op mannst fir d'Kënschtler - ass, datt sech de Flux vun der Wäertschöpfung ëmmer méi zu hiren Ongonschten entwéckelt. Dat kënnt vun de verännerte Konsum-Gewunnechte bei der Musek. An déi changéieren zu Lëtzebuerg genee esou wéi an England.

D'Live-Musek, dat ass dee Segment an deem déi meeschte Sue verdéngt ginn. Als "générateur de revenus" hunn d'Live-Optrëtter déi enregistréiert Musek scho laang iwwerholl. Live-Concerten hunn 2015 a Groussbritannien ongeféier 900 Millioune Pond agespillt. Déi enregistréiert Musek dogéint "nëmmen" 600 Milliounen.

Streamen amplaz z'enregistréieren

Wa Museker haut u Concerten ëmmer méi verdéngen an un Disken ëmmer manner, da läit dat och un engem Effet vun der Technologie. De Konsument wëllt haut manner Disken a Musek besëtzen. An hie wëllt méi Musek eroflueden a streamen, also vun engem Serveur aus spillen ouni si z'enregistréieren. Hannert dëser Evolutioun stieche Servicer wéi Spotify, ITunes, BBC iPLayer a virun allem YouTube.

D'Video-Plattform ass haut mat Ofstand déi populäerste Musek-Plattform weltwäit. 82 Prozent vun den Utilisateure vu YouTube benotzen de Service fir Musek ze streamen. YouTube ass allerdéngs mat de Kënschtler, Auteuren a Komponisten ëmmer méi am Clinch iwwer d’Musekrechter. Fir ee Stream kritt e Kënschtler vu YouTube 0,1 Dollar-Cent bezuelt. Tendenz no ënnen.

"D'Museker wëlle bezuelt ginn"

An elo kënnt dee Streaming-Modell weider ënner Drock. Ee Rapport vun der IFPI, enger internationaler Interessevertriedung vun der Plackenindustrie, stellt fest, datt ronn d’Halschent vun de 16 bis 24-Järege Musek-Streamen op illegal Aart a Weis enregistréieren. Domat ënnergruewe si de Flux vu Revenuen.

D’Museker wëlle fir hir Aarbecht a Kreativitéit bezuelt ginn, de Konsument wëllt den Entertainment méiglechst gratis hunn. Mee wa Musek gratis soll sinn, brécht de "business case" vun der Museksindustrie zesummen. A fir Museker, Komponisten an Auteure géing an där Logik um Enn just, esou wéi fréier, eng back to basics Approche bleiwen. Sue maache kann de Spillmann nëmmen dann, wann hie sech en public produzéiert.