Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek fir ze dreemen

Lambchop - This (is what I wanted to tell you)

Musek fir ze dreemen

Villschichteg horizontal Musek, déi de Bols senkt, vum Kurt Wagner & Co. Eng villschichteg Musek, déi een dreeme léisst. Den neien Disk vun der Band vun Nashville ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Dem Frontmann Kurt Wagner seng verspillten Observatiounen a seng charmant geradderegt Stëmm hu schonn zanter Mëtt den 90er eng Partie diversifiéiert Placke bestéckt. Vun absurdem alternative Country bis hin zu R&B, Soul a Lounge, Lambchop couvréieren e breede musikaleschen Territoire.

Verspillt an experimentellen Toun

Hire leschten zäitlosen Album "Flotus" ass scho mëttlerweil dräi Joer al. Op der neier Plack "This (is what I wanted to tell you)" féiert Lambchop de verspillten experimentellen Toun vum Virgänger virun. Dem Kurt Wagner seng Stëmm gëtt alt erëm vun engem elektroneschen Effekt defiguréiert, awer op eng äusserst organesch Aart a Weis.

Wéi "Flotus" ass den neie Lambchop Album ähnlech berouegend a calme, awer vläicht eng Grëtz méi Pop-orientéiert. Méi verspillt. Manner schlicht, wéi hir lescht Plack. E bësse méi bont an de Kläng souwéi an den Strukturen.

Vast Kompositioune mat Zeréckhalung

"Flotus" hat mat Repetitioun an Zeréckhalung eng elegant elektro-akustesch Atmosphär geschaaft. "This (is what I wanted to tell you)" féiert déi Devise virun, mee breet alles nach méi aus. D'Kompositiounen hunn eppes Vastes, se sinn net ageschränkt.

Doriwwer eraus ass d'Musek fieder-liicht. Se wierkt bal hypnotesch op een. Eng Panoplie vun diverse Kläng treffen an hirem musikalesche Firmament openeen. Vu Stevie Wonder ugehauchte Melodika Soloe bis hin zu epesch dissonante Bléiser, déi um Schluss vum Titel-Track dem Bernard Herrmann seng Musek zitéieren. An net ze schwätze vun all de Synthi-Schichten, déi de musikaleschen Horizont sprengen.

D'Aarbecht vum Pianist Tony Crow muss alt erëm héich gelueft ginn. Säi Fligel a säin delikate Choix vu minimalisteschen Akkorden definéiere scho laang de Lambchop Sound.

Impressionistesch a poetesch Texter

An dem Kurt Wagner sengen Texter kommen déi Kéier d'Noriichten dacks vir. Ob "fake" oder net, dauche Biller an Evenementer op, vun deenen hie sech distanzéiert spiert. Erënnerungen an Akte flackeren am Hannergrond.

Dem Kurt Wagner seng Lyrics hu schonn ëmmer éischter impressionistesch a poetesch gewierkt. Iwwer déi aacht Stécker op "This (is what I wanted to tell you)" verbreede sech perséinlech Andréck vu senger eegener Vergänglechkeet. De Frontman schéngt vill ze reminiszéieren, no familiärem Pleséier ze gräifen. Grad wéi d'Musek ergëtt sech aus den Texter eng batter-séiss Stëmmung.

"This (is what I wanted to tell you)" stécht voller Lidder, déi horizontal verlafen. D'Musek huet eppes fluffeges a senkt de Bols. Musek, déi een an onbestännegen Zäiten e bësse schwiewen deet.