"Et geet besser international, wéi national," seet den Andrea Mancini, deen zanter 2012 hannert dem Projet Cleveland stécht. Lëtzebuerg wier ze kleng fir vill Representanten vun der elektronescher Musek ze hunn. Am Géigesaz zu Lëtzebuerg blitt d'Zeen momentan a Südamerika op. "Et ass vibrant an et ass eng nei Energie do. Dat heescht och, datt d'Opportunitéite fir Optrëtter a Cluben erop ginn." Ausserhalb vun de grousse Stied an Europa géifen et streng Restriktioune ginn. "Elektronesch Musek huet ëmmer nach e schlechte Ruff wéinst Drogen an aneren illegale Substanzen. Vläicht gesinn d'Leit et dowéinst och nach net als Kultur un."
"Ech wëll gär stolz sinn op meng Musek"
Cleveland wëll Musek maachen, mä sech selwer trei bleiwen. "Ech sinn zimlech selbstkritesch. Beim Schaffe sinn ech ëmmer enthusiastesch a gläichzäiteg depriméiert, well ech d'Gefill hunn, ni fäerdeg ze sinn." Seng Approche wier et, am Ufank e Maximum u Couchen ze kreéieren an d'Musek dann op e Minimum ze reduzéieren. "Einfach Musek, déi touchéiert, ass fir mech déi beschte Musek."
Mëttlerweil produzéiert de Cleveland all Dag, sou wéi aner Leit schaffe ginn. "Ech schaffen elo vun néng Auer Mueres bis sechs Auer Owes. Heiansdo sinn ech och an engem kreative Lach. Dann däerf een net opginn, mä et muss een all Dag dru bleiwen." D'Majoritéit vun de Lidder, déi hie géif maachen, géifen am Tirang verschwannen. "Du muss och Musek fir dech selwer maachen."
Enn Juli kënnt eng nei EP vu Cleveland beim US-amerikanesche Label ESP Institute vu Los Angeles eraus an Enn September ass eng weider Release bei Hivern Discs geplangt, e Label aus Barcelona.