Loivós ass ee klengt Duerf am Norde vu Portugal - an och eng lëtzebuergesch Band. Hir nei Single "Wheels" ass d'Geleeënheet, erauszefannen, wat déi zwee verbënnt.
"Mir probéieren eis zwee mol d'Joer hei ze verschanze fir Musek ze maachen", erkläert de Gilles Dax de Bandnumm. Wat dobäi erauskënnt ass beréierend Rockmusek mat progressiven Influenzen an engem eegene Charakter.
Déi meescht vun der Band ware virun hirem Studium Membere vu Five Cent Cones an hunn dës Léisung gewielt, well si sech net méi oft op där selwechter Plaz erëmfannen.
Dowéinst gouf et si och live a leschter Zäit net esou oft ze gesinn, mee am Studio loossen d'Museker hirer Imaginatioun fräie Laf. De Song "Wheels" ass just deen éischte vun enger klenger Sammlung, déi geschwënn erauskommen.