Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Olivier Toth

Musikalesch Visitekaart

Olivier Toth

Wann den Direkter vun der Rockhal de musikalesche Programm vun der Emissioun zesummestellt, da kann et wuel nëmme rocken! Oder dach net? David Bowie, Peter Gabriel, an anerer.

auto_stories

5 min

Olivier Toth

Säin Job gesäit den Olivier Toth esou: kucken dass de Betrib am Alldag leeft an strategesch virdenken – wéi wëlle mer eis positionéieren, esouwuel wat d’Rockhal ugeet wéi och de Centre de Ressources, wou een aus dem Näischt géif kommen a eng Virreider-Roll fir d’Lëtzebuerger Zeen anhëlt. Besonnesch kreativ Kënschtler déi ëmmer erëm Neies bréngen oder bruecht hunn faszinéieren de Rockhal-Direkter. Wéi de Peter Gabriel ("seng Stëmm ass onwahrscheinlech, de ganze Volet 'Recherche vum Sound' begeeschtert mech doriwwer eraus") oder den David Bowie ("hien ass gewandert tëscht Kommerz ouni Skrupel bis zu total kreativ a 'kee-schwätzt-mer-dran").

Wien decidéiert eigentlech, wien an d’Rockhal kënnt? Wat déi eege Programmatioun ugeet, esou gëtt et eng Equipe vun zwee Programmateuren, an déi sech den Direkter awer och mat abréngt ("eng Partie Artiste kommen iwwert mäi Kanal eran"), et sicht ee no engem Gläichgewiicht tëscht Grouss a Kleng, Staren an Decouverten. D’Strategie vun der Rockhal geet a Richtung breede Publikum, et ass vun all Genre eppes derbäi. De Kick kënnt och regelméisseg iwwert de Kontakt mat Agenten déi hier Läit vermëttelen – dat si meeschtens manner bekannte Nimm, mee do ass ëmmer ganz vill Leidenschaft am Spill!

Genre ass stëmmungsofhängeg

En integrale Concert erlieft den Olivier Toth iwwregens net dacks, dofir gëtt et ze vill ze dinn: wichteg sinn him d’Receptioun an d’Betreiung vun de Kënschtler, hien ass permanent an der Hal ënnerwee fir ze kucken ob alles klappt, et gëtt regelméisseg Kosettercher mat Kollegen a Frënn deenen hien iwwert de Wee leeft. Fir déi zwee oder dräi éischt respektiv läscht Lidder géif hie probéieren sech Zäit ze huelen, och fir d’Reaktioun vum Publikum matzekréien, déi ass him wichteg. Seng Aarbecht wier definitiv keen 8-Stonnen-Dag, mee "éischter en état d’esprit, eng Passioun déi dreift ...". Konscht kascht Geld: dat ass fir den Olivier Toth eng Saach déi hien op seng Schëllere hëlt, net ëmmer dat Allereinfachst, och net dat Allerpassionnéierenst, mee e Jongléieren, dat dech déi ganzen Zäit begleet. De Budget ass eppes ganz Wichteges, fir dass du kanns uerdentlech a propper funktionéieren’.

Kann hien no engem laange Rockhal-Alldag eigentlech nach Musek héieren? Doheem bei gemittlechem Sound entspanen? Dat wier net ëmmer evident, mee d’Musek begleed hie schonns permanent, d’Genre si stëmmungsofhängeg. Reegelméisseg entspaant hien mat der enger oder anerer TV-Movie-Serie ... an als Familljepapp ass och permanent fir Beschäftegung gesuergt!

"Am Auto ass et am beschten"

Mee do gëtt et jo och nach de Wee op d’Schaff: "Am Auto ass et am beschten, ech sinn eleng, ka matsangen oder just nolauschteren – eng schéin Zäit fir Musek ze genéissen!"

A wéi gesäit et aus fir erëm selwer aktiv als Museker ze ginn, schliisslech war hien e.a. bei de Formatioune Galliver a Low Density Corporation aktiv? Am eegene Studio doheem tüftelt hie schonns mol mat Nouten an Téin, et géif och regelméisseg kribbelen, esou guer dacks’, mee leider géif et un der néideger Zäit fehlen, och wieren d’Prioritéiten antëscht anerer. Hie spillt awer mat senge Kanner zesumme Musek a gesäit an, dass et no engem laange Schaffdag an der Musekszeen éischter schwiereg wier "nach emol Kreativitéit aus dir erauszesuckelen".