Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musikaleschen Ausnamezoustand zu London

BBC Proms

Musikaleschen Ausnamezoustand zu London

20 Joer Erfarung bei de BBC Proms an nach ëmmer ass dëse Summerfestival zu London eppes ganz Besonnesches fir de Philippe Schartz. Hien ass de Solo-Trompettist vum BBC National Orchestra of Wales. Den Orchester ass dës Kéier véier Mol an der "Royal Albert Hall" zu London.

auto_stories

2 min

BBC Proms an der Royal Albert Hall

"Here we go" - dat ass Stéchwuert fir de Finale vun der "Last Night of the Proms" mat deenen obligaten "Pomp and Circumstance" vum Edward Elgar. Virun déi "Lescht Nuecht" hunn d'Organisateuren d'"First Night of the Proms" gesat: Um Freideg ass den Optakt vum populäre Museksfestival, deen ëmmerhin a seng 123. Saison geet.

De Méindeg ass et dann um "BBC National Orchestra of Wales" an der Royal Albert Hall Sibelius, Rachmaninov a Schostakowitsch ze spillen.

Fir all Museker ass et d'Kiischt um Kuch an der Royal Albert Hall Sibelius ze spillen, seet de Philippe Schartz. Hien ass Solotrompettist an dësem Orchester. Fir hie wier et d'Chance, klassesch Musek an enger eemoleger, typesch britescher Atmosphär z'erliewen: Zwee Méint laang ass de musikaleschen Ausnamezoustand an der britescher Haaptstad.

"All Mënsch kuckt op een"

Wann de Concertssall strubbelvoll ass, ass meeschtens och d'Stëmmung gutt, esouguer wann ee richteg an de Schweess geréit, seet de Philippe Schartz. Hie gëtt zou, datt et net nëmmen d'Hëtzt ass, déi ëm de Schweess op d'Stir dreift.

"All Concert gëtt um Radio iwwerdroen. D'Klimaanlag gëtt ausgemaach an da gëtt et scho waarm. Wann een eppes Modernes spillt, an et muss een héich oder lues Téin spillen, da fillt een, datt all Mënsch op ee kuckt. Et ass eng immens Atmosphär."

Net nëmme bekannt Orchesterliteratur

An deenen iwwer 70 Concerte vun de BBC Proms gëtt natierlech déi grouss, bekannt Orchesterliteratur gespillt. Mä d'Proms sinn am Fong ee Festival fir nei Musek. Ravel, Debussy, Rachmaninow: Grouss Nimm sinn am Repertoire. Et ass duerch d'BBC Proms, datt dës Komponisten an hir Musek och am Vereenegte Kinnekräich Fouss gefaasst hunn. Dat wier eng Traditioun, déi sech bis haut gehalen huet, seet de Solotrompettist Philippe Schartz.

"BBC ass ee ganz grousse Sponsor fir ganz vill Komponisten, déi entweder scho ganz bekannt oder nach ganz jonk sinn. Déi kréien eng Chance, fir och en neit Stéck ze spillen. An eise véier Concerten, déi mir spillen, hu mir zum Beispill zwou Premièren."

Geschicht an Traditioun ginn zwar bei de Proms héich gehalen, mä d'Organisateure passen drop op, de Festival kontinuéierlech weider z'entwéckelen. Fir dës Saison gëtt et een neit Format: "Relaxed Prom". Et ass dem Philippe Schartz no ee Concert fir jiddereen. Och Leit, déi nach ni eppes mat Musek ze dinn haten, kënne kucke kommen, wéi et ass.

D'Proms sinn eng gutt Geleeënheet fir d'BBC, hir Orchesteren a Vokalensemblen ze presentéieren. Si gestalten nämlech de Gros vun de Concerten.