De Max Hochmuth ass artisteschen Direkter vum Siren's Call Festival a féiert eis iwwer de Site. Hie weist eis d'Haaptbühn um Parvis, wou grad scho fir en anere Concert e Soundcheck ass. Hei wieren och déi sëllechen Iessstänn, erkläert hien. "An dann hu mir just niewendrun d'Salle Robert Krieps, déi dann - wéi d'lescht Joer - och eng vun eise Stagen ass, wou mir dräi verschidde Concerten hunn iwwer den Dag verdeelt."
Liesungen, Yoga, Performancen, Konscht, Design, an an an ... Beim Siren's Call steet net just d'Musek am Mëttelpunkt. Et geet drëm fir eng immersiv Experienz unzebidden, seet de Michel Welter vum Atelier.
"Dee schéinste Lieu am Land"
Mee wéi kritt ee Kohärenz an e roude Fuedem a sou e villsäitege Programm? Si géife sech d'Fro stellen, wat de Publikum wëllt, seet d'Ainoah Achutegui vum Neimënster. Hei kéim en Indie-Public, dee sech och fir elektronesch Musek, Konscht an Dichtung géif interesséieren.
Am Mëttelpunkt vun der Experienz steet awer de Site vun der aler Abtei. "Mir hunn dee schéinste Lieu am Land. An do wëllen d'Leit hinn", seet d'Ainoah Achutegui. "Mir hunn och gesinn, datt mir super Wieder wäerten hunn. Also nach besser."
Och de Melusina an de Gudde Wëlle sinn nees um Siren's Call bedeelegt. Wee scho mol do war weess, datt de Wee bei de Melu immens kuerzweileg gestalt gëtt. "Iwwer dee ganze Wee hu mir nees d'Kollaboratioun mat der Nuit des Lampions", seet de Max Hochmuth. "Dat heescht verschidden Installatiounen, sou datt dee ganze Wee tëschent Neimënster bis bei de Melusina vun de Lampionen erhellt gëtt."
E familljefrëndleche Festival
Et hätt ee gemierkt, datt bei där éischter Editioun vill Eltere mat Kanner op de Festival komm wieren, seet d'Ainoah Achutegui. Dofir wier de Festival nach méi familljefrëndlech ginn.
Dohinner komme kann ee ganz einfach mam ëffentlechen Transport, seet de Michel Welter. Virum Melusina ass zum Beispill e Busarrêt. "Nach besser ass zu Fouss oder mam Vëlo bis virun d'Dier. A fir déi, déi da wierklech mussen den Auto huelen, deene recommandéiere mir de Parking a Clausen, oder de Saint-Esprit."
Am Neimënster geet d'Party e Samschdeg bis kuerz no 11 Auer. "An am Gudde Wëlle geet et och weider, an zwar bis 6 Auer, mat enger After-Party", seet de Max Hochmuth. Niewent Lëtzebuerger DJe wäert och ee vun de Membere vu Metronomy e Set maachen. "Dat heescht, d'Leit kënnen dann d'Kand heem bréngen. An da komme si zeréck, an da gi si am Gudde Wëllen ënner", laacht de Michel Welter.