Wat ass d'Haaptiddi hannert "Nei Musek am Concert"?
Friedrich Spangemacher: Déi Nei Musek bitt en interessant a liewegt Bild, dat déi europäesch Radioe regelméisseg matschneiden. Et gi spannend Saachen ze lauschteren. Et wäerte Concerte mat Klassiker aus der Modern, mee och mat ganz aktuelle Stécker iwwerdroe ginn. Déi sollen en Abléck a Festivaler an Uropféierunge ginn an e Portrait zeechnen, vun Ensembele fir Nei Musek.
Begrenzt sech d'Emissioun nëmmen europäesch Concerten a Festivaler?
F.S.: Mir kucke natierlech wat uechter d'Welt lass ass. An Amerika hunn déi grouss Orchester schonn zënter laangem vill Aktivitéiten am Beräich vun der Neier Musek entwéckelt. Zu New York gëtt et esouguer e Club fir zäitgenëssesch Musek. Och a Japan a China ass déi Nei Musek ëmmer méi present.
Gëtt et och emol eppes "Experimentelles" ze lauschteren?
F.S.: Natierlech, dat gehéiert dozou. Den elektronesche Volet vun der Neier Musek gëtt ëmmer méi breet an interessant. Natierlech kann een déi Klang-Konscht, de Multimedia oder déi theatralesch Concerten nëmmen ongenügend am Radio diffuséieren. mee fir den akusteschen Deel lount et sech dacks.
Wat fir eng Ensembele fannt Dir am Interessantsten?
F.S.: Déi grouss Ensembelen, wéi den "Ensemble Modern", "InterContemporain" oder de "Klangforum Wien" sinn ëmmer fir Iwwerraschunge gutt. Interessant ass och en Ensembel wéi "Nadar" aus der Belsch. Déi schaffe multimedial. An net ze vergiessen "Lucilin", d'Lëtzebuerger Ambassadeure fir déi Nei Musek.
"Nei Musek am Concert" kënnt Dir all zweete Sonndeg um 20:00 lauschteren.
Concerten:
18.9. Den "InterContemporain" um Klara-Festival
2.10. "Musica Nova" zu München
16.10. "World Music Days" a Slowenien