Méi wéi eng Dose Kultur-Acteure schaffen um Usina22 a Kollaboratioun mat Esch22 zesummen.
Mat involvéiert sinn notamment d'Stad Diddeleng, den Atelier, de Gudde Wëllen, d'Kulturfabrik, d'Schungfabrik, de regionale Kulturzenter opderschmelz, d'Rotondes, de Koll an Aktioun, Rocklab, Réckel by Lycée des Arts et Métiers, DKollektiv, Dudelange On Wheels, De Läbbel, Aalt Stadhaut an Itinerantes.
Headliner si Kings of Leon, Caribou an d'Charlotte Adigéry & Boris Pupul. Lëtzebuerg ass mat Formatioune wéi Francis of Delirium, Tuys a Claire Parsons ënner anerem vertrueden. Nieft Musek sinn och nach Theater, Danz a visuell Konscht Deel vum Programm.
Dat Ganzt spillt sech dann um Site Neischmelz zu Diddeleng of. Verdeelt op Bünen am regionale Kulturzenter opderschmelz, den Hall des Vestiaires & Wagonnage souwéi de Skate Park.
Méi Informatiounen op usina.lu.