Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Beyond The Blue (feat. Gretchen Parlato)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den exzeptionellen Debut vum enigmatesche Folk-Museker

Nick Drake - Fives Leaves Left

Den exzeptionellen Debut vum enigmatesche Folk-Museker

Dem Nick Drake säin Debut "Fives Leaves Left" koum dëse Mount viru 50 Joer eraus. E klassesche Folk-Album mat delikaten Arrangementer. Seng Musek ass gepräägt duerch typesch Englesch Zich an international Aflëss.

auto_stories

4 min

Den Nick Drake hat 20 Joer wou en am Oktober 1968 am Sound Techniques Studio am Chelsea opgedaucht ass. De scheien Englänner war vum Joe Boyd, engem wichtege Folk-Musek Produzent vun deemols ageluede ginn.

Hir Kollaboratioun ass mat engem Demoband ugaangen dat den Nick Drake him geschéckt hat. Nom éischte Lidd war et fir den Joe Boyd kloer dass e mat enger Pärel ze dinn hat. Den amerikanesche Produzent huet sech um Leonard Cohen sengem erfollegräichen Debut inspiréiert deen d'Joer virdrun erauskoum. En intime Sound, grouss mat Orchester arrangéiert.

"Five Leaves Left" ass en exceptionellen Debut. Dem Nick Drake seng eege Folk-Konstrukter, seng markant Texter a speziell Gittarstechnik konnten net besser op dësem Projet encadréiert ginn. Direkt um Opener "Time Has Told Me" héiert een de Pianist Paul Harris vun New York, den Danny Thompson, Bassist bei Pentangle, oder och de Richard Thompson vu Fairport Convention. Alles Museker déi mat Passioun hei matgewierkt hunn.

Dem Nick Drake seng Musek ass immens etheresch. D'Musek deet schwiewen. Wéi de Museksjournalist Pete Paphides seet ereecht hien dëse Effekt engersäits duerch dat rhythmescht Mouvement, d'Betounung vun de Schléi déi konstant ännert. Anerersäits féieren d'Melodien meeschtens do wou ee se net erwaart. Seng Picking-Musteren, wéi en d'Gittarssäiten eng no där anerer zupft, si verschléngelt a variéiert. E vun de gréisste Momenter op "Five Leaves Left" ass "River Man". Geschriwwen am 5/4 Rhythmus. Eng Meditatioun iwwer Natur an Existenz, poetesch an Zeen gesat.

Net d'Ressourcen, mee den artistesche Lien war wichteg

De Mann dee fir di herrlech Nick Drake Orchester-Arrangementer zoustänneg ass, war de Robert Kirby. Dësen huet awer fir "River Man" dem Harry Robinson d'Arbecht iwwerlooss. Hie wousst einfach net wéi en d'Stéck ugoe soll, de 5/4 Rhythmus huet ëm de Kapp zerbrach. Den Harry Robinson krut et op alle Fall hin e musikalesche Floss mat sengem Arrangement ervirzezauberen. "River Man" gouf live am Studio opgeholl. Den Nick Drake an der Mëtt vum Sall, vum Orchester ëmwéckelt. E Moment dee bei de Museker sécher hänke bliwwen ass.

Den Joe Boyd, de Produzent vum Nick Drake sengem Debut wollt vill Ressourcen an de Projet stiechen. Als Arrangeur war Ufanks de Richard Hewson virgesinn. En vill-gefrote Museker aus där Zäit, deen um James Taylor sengem Debut an diversen Donovan Placke geschafft hat. Bei den éischte Prouwen ass et allerdéngs kloer ginn dass den Nick Drake an dëse Chanson-orientéierten Arrangeur net op enger Wellelängt waren. Se hu sech net kannt, an d'Sträicherarrangementer hu net richteg gepasst.

De Nick Drake huet du säi Kolleg de Robert Kirby proposéiert. E 20 Joer ale Kärel, ouni vill Erfahrung a Saache professioneller Musek. Mee wat gezielt huet war säin artistesche Lien zum mysteriéise Songwriter. Op der Uni zu Cambridge hate sech di zwee kennegeléiert. De Robert Kirby war vum Debussy a Ravel inspiréiert. D'Beatles waren och ganz héich op senger Lëscht. Zemools d'Arbecht vum George Martin, wéi dësen op Stécker wéi "Eleanor Rigby" speziell Stëmmungen opgebaut huet.

Um Nick Drake Lidd "Way To Blue" héiert een dann och nach baroque Aflëss eraus. Bei esou engem Arrangement huet de Folk-Museker esouguer d'Gittar op d'Säit geluecht.

Aflëss vun Jazz a Bossa Nova

Och wann dem Nick Drake seng Musek typesch Englesch Zich huet - säin eleganten Accent an déi ländlech Arrangementer - ass säin Debut zimlech räich a Saachen internationalen Aflëss. Seng Akkordsequenzen inspiréiere sech dacks um Jazz, hanner verschidde Rhythmenverstoppt sech e Bossa Nova Gefill. Den amerikanesche Folk Volet spillt natierlech och eng grouss Roll. 1969 hat den Nick Drake dem Randy Newman säin Debut vun 68 am Kapp. Di formell Approche héiert een op "Five Leaves Left" eraus.

D'Originne vum Album-Numm

"Five Leaves Left" war iwweregens och net den ursprénglechen Titel. D'Plack hätt solle "Saturday Sun" heeschen. Als Geck huet den Nick Drake dunn zum Schluss "Five Leaves Left" proposéiert. E Saz deen all Fëmmert bekannt ass. Eng Warnung zum Schluss vun engem Pack Bliedercher dass d'Reserve op en Enn kënnt. De Saz zaubert awer och den Hierscht ervir, eng romantesch Joereszäit déi mat der Musek vum Nick Drake fir éiweg verbonne wäert sinn.

Zum Schluss ginn et dann nach e puer Täkt vum "Cello Song". En Track op deem de Perkussionist Rocki Dzidzornu ze héieren ass. Bekannt fir seng Arbecht op "Sympathy for the devil" vun de Rolling Stones.