Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Fan vum Freddie Mercury

Musikalësch Visitëkaart

Ee Fan vum Freddie Mercury

De Lëtzebuerger Schauspiller a Fräizäit-DJ Nilton Martins huet labber Danzlidder, Party-Matgröhler, modern franséisch Chanson a Filmmusek matbruecht.

auto_stories

3 min

De Schauspiller mat portugiseschen Originnen huet bei Produktioune fir Kino, Fernseh an Theater matgewierkt. Zum Beispill war hien am Andy Bausch senge Filmer Trouble no more, La belle Epoque, an d’Fifties ze gesinn. De Nilton Martins spillt och an auslänneschen Kinofilmer mat: Vum Animatiounsfilm The Prodigies, iwwer Hannah Arendt, Les Fameux Gars bis zu Fieber mam renomméierten däitschen Akteur Martin Wuttke an der Fassbinder-Schauspillerin Eva Mattes. An Theaterstécker spillt hien och mat (Pink Slip Party, Frittparade 2000) an op der Télé konnt een hien ënnert anerem an der Sitcom Weemseesdet gesinn. Als Casting Director sicht hien SchauspillerInnen fir lokal an international Theater- a Film-Projeten.

A senger Fräizäit leet den Nilton Martins och als DJ Nilles op. Seng Musikalesch Visitëkaart ass ee Pot Pourri aus méi labberen Danzlidder, Party-Matgröhler, moderner franséischer Chanson, Filmmusek a Musical-Kompositiounen. Hien ass ee grousse Fan vum Freddie Mercury. Säin nächste Kuerzfilm gëtt een Hommage un de verstuerwene Queen-Sänger.

Um Mikro vum Mike Tock verréit hien méi.

Dem Nilton Martins seng Playlëscht:

  • Top Boys: Le feu ça brûle
  • Outthere Brothers: Boom Boom Boom
  • Bon Jovi: It’s my life
  • Alan Sivestri: Forrest Gump 
  • Patrick Bruel: Qui a le droit?
  • Hans Zimmer: The Rock/Armageddon (Medley Mix)
  • Garou: Belle (Notre Dame de Paris )
  • Queen: Who wants to Live forever
  • Rocky (Film Soundtrack): Going The Distance