Radioen

On air

Notturno  |  Dick Annegarn - Sacré Géranium

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nite Jewel: Minimalistesch Eleganz ouni Pathos

Album vun der Woch

Nite Jewel: Minimalistesch Eleganz ouni Pathos

Dee neien Album "No Sun" vum Nite Jewel ass ënnert anerem d'Resultat vun enger Recherche iwwer Stereotyppen an Traditiounen. E stellt awer och d'Ausernanersetzung vun der Kënschtlerin mam eegenen Divorce duer. Eng komplex Affär also, déi awer fiederliicht an den Ouere kléngt.

auto_stories

3 min

Deen neien Album "No Sun" vum Nite Jewel ass ënnert anerem d'Resultat vun enger Recherche iwwer Stereotyppen an Traditiounen. E stellt awer och d'Ausernanersetzung vun der Kënschtlerin mam eegenen Divorce duer. Eng komplex Affär also, déi awer fiederliicht an den Ouere kléngt.

Déi zwee Lidder, déi dee neien Album "No Sun" vun der Nite Jewel arummen, faassen d'Grondstëmmung vun der Plack. "When There is No Sun" - "Wann d'Sonn fort ass" - , sou heescht beispillsweis dee leschten Track, eng jazzeg, extreem däischter an desillusionéierend Coverversioun vun engem Lidd vum avantgardistesche Museker Sun Ra.

Den alleréischte Song um Disc, "Anymore", ass entstanen, wéi d'Kënschtlerin ugesat huet, fir en neit Lidd ze schreiwen. Si huet misse feststellen, datt si net méi weess, wéi dat eigentlech geet. Zu dësem Zäitpunkt stécht si an enger déiwer Kris, hire Mann a si hu sech no 12 Joer getrennt an den Drock vum Label fir frësch Musek wiisst.

Hannert dem Kënschternumm Nite Jewel stécht déi kalifornesch Kënschtlerin Ramona Gonzalez, déi niewent hirer musikalescher Karriär och eng akademesch Karriär verfollegt. Si huet e Bachelor an der Philosophie, sëtzt momentan un engem PdD an der Musikologie a gëtt niewelaanscht zu Los Angeles um Occidental College Coursen am Songwriting.

Een immens ronnen an opgeschlossenen Album

Hir perséinlech Erfarung mat der Trauer opgrond vum Divorce huet dozou gefouert, datt d'Ramona Gonzalez sech mat der Stereotypiséierung vun der weiblecher Stëmm am Pop auserneegesat huet. Als Fan vun de grousse Pop-Diven wéi dem Whitney Houston an dem Mariah Carey ass der Ramona Gonzalez opgefall, datt et grouss Parallelle gëtt zu der anticker Traditioun vum Lamentéieren, vum kathartesche Selbstrengegungsritual, bei deem queesch duerch d'Kulture Mënschen - dacks Fraen - hir Trauer duerch Gesang bewältegen. Dës Recherche an d'Opschaffe vun den eegene Gefiller hunn zu engem immens ronnen an opgeschlossenen Album gefouert, deen och de Versuch vun enger Äntwert duerstellt op d'Fro, wat et heescht, mat der eegener Trauer Suen ze verdéngen.

Wonnerschéin a lues entfale sech déi eenzel Schichten an de Lidder, zu kengem Moment kënnt op dësem Album Hektik op. Déi jazzeg Arrangementer sinn extreem lëfteg, dacks héiert een niewent de Vocals just dee waarme Moog Mother Sequencer, deen hei haaptsächlech zum Asaz komm ass. Ganz am Zentrum steet ëmmer der Ramona Gonzalez hir Stëmm, déi trotz hirer Prominenz wäit vir am Mix ni opdränglech gëtt. Hei an do kënnt et zu erfrëschend ongewéinleche Momenter, déi erkenne loossen, wéi d'Nite Jewel sech hir eegen Niche am Popzirkus erausschnitzt.

Ëmmer nees fillt ee sech un déi grouss Popschnulzen aus de 90er erënnert, woubäi grouss Gesten an ofgedrosche Leidensdeklamatioune wäitflächeg ëmschëfft ginn. Ouni jeemools an de Pathos ofzerutschen, dokumentéiert den Album "No Sun" vum Nite Jewel de Wee duerch an net ronderëm eng méi schwiereg Phas am Liewen. Wat bleift ass een op dat Weesentlecht erofgestrëppten Album, dee virun allem duerch seng minimalistesch Eleganz hänkebleift.