Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nostalgesche Power Pop

Viru 25 Joer

Nostalgesche Power Pop

Fir vill Leit, déi an den 90er Jore jonk waren, ass Weezer eng wichteg Band. Mat Lidder wéi "Buddy Holly" oder "Say It Ain't So" verbënnt eng ganz Generatioun Jugenderënnerungen. De bloen Debut-Album kritt 25 Joer an ass eisen Déjà Vu Album vun der Woch.

auto_stories

4 min

De Bloen Album vu Weezer huet net just e groussen nostalgesche Wäert. Déi kalifornesch Rockband huet 1994 frësche Wand an d'Rockmusek bruecht. Mam Doud vum Kurt Cobain huet och den Hype ronderëm den depressive Grunge-Sound aus Seattle ugefaangen ofzekléngen.

E Rezept, wat opgaangen ass

Weezer ware guttgelaunt a smart, an hunn immens effikass Pop-Songs geschriwwen. D'Kombinatioun vun agängege Melodien, hirem typesche kraaftvolle Sound, an enger visueller Ëmsetzung fir d'Beavies and Butthead-Generatioun waren e Rezept, wat opgaangen ass. Jiddefalls fir zwee Albumen. Datt Weezer de Moment verpasst hunn, fir opzehalen, ass eis egal. Mir feieren de bloen Debut-Album, a seng groussaartegen Singelen.

Power Pop ass wuel dee Begrëff, deen d'Musek vu Weezer am beschte beschreift. Pop-Songs mat massive Gittars-Maueren. Produzéiert gouf de bloen Album vum Ric Ocasek, dem Sänger vun der amerikanescher Rockband The Cars. De Weezer-Sänger Rivers Cuomo seet, hie wier schonn ëmmer Fan vum Ocasek sengem Songwriting a vu senge Produktiounen.

De Sound vu Weezer ass zwar typesch kalifornesch, opgeholl gouf awer am August a September 1993 zu New York am bekannten Electric Lady Studio.

Weezer spillt gäre mat Referenzen

Als musikalesch Aflëss nenne Weezer gär d'Beach Boys. Hir Lidder wiere Pet Sounds mat décke Gittaren. De méistëmmege Gesang, dee si virun den Opname vill geprouft hunn, kënnt definitiv vun de Beach Boys. Awer och d'Ramones resonnéieren am Sound vu Weezer mat.

Datt den Debut vu Weezer als bloen Album an d'Geschicht agaangen ass, wier net geplangt gewiescht, huet de Rivers Cuomo puermol an Interviewen erkläert. Am Fong hat en och keen Titel. Datt duerno fënnef weider Albumen erauskoumen, déi och all keen Titel hunn, respektiv "Weezer" heeschen an eng Faarf hunn: gréng, rout, wäiss, cyan a schwaarz, steet als Beweis dofir, datt Weezer gär mat popkulturelle Referenze spillt. Virun allem u sech selwer.

D'Musek vu Weezer kléngt méi guttgelaunt wéi d'Texter eigentlech sinn. Um bloen Album beschäftegt de Rivers Cuomo sech mat Theme wéi tëschemënschleche Bezéiungen, Psychologie, Philosophie oder Alkoholismus. Hie selwer géif just drénken, wann et misst sinn, seet de Cuomo, deem säi Papp Alkoholiker war.

D'Texter sinn net esou glécklech, wéi ee mengt

De Song "Say It Ain't So" erzielt vu senger Angscht als Kand, datt säi Stéifpapp, genee wéi säi Papp géif ufänke mat drénken, an hien och géif verloossen. Den Titel "Holiday" stécht voller Referenzen un den Jack Kerouac an d'Beach Boys. Op "No One Else" stellt de Sänger sech selwer als immens jalous duer, a souert um nächsten Track "The World Has Turned And Left Me Here".

Déi éischt Single Auskopplung vum bloen Album war "Undone - The Sweater Song". Dat wier am Fong en traurege Song, mee jidderee géif e witzeg fannen, sou de Cuomo.

Nieft dem markante Sound vum Bloen Album, dee bis haut vu Rock a Pop-Kënschtler opgegraff gëtt, hunn och d'Museksvideoen zum Succès vum Disk bäigedroen. Virun allem dee vun Undone an dee vu Buddy Holly. Déi goufen deemools allebéid vum Pike Jonez realiséiert.

De Pitch vun Undone war: d'Band spillt virun engem Bloe Backdrop an et kommen Hënn gelaf. Méi geschitt och net. Weezer hunn de Song 25 mol hannertenee gespillt, méi séier wéi op der Opnam, wat herno zu engem Slowmotion-Effekt féiert. D'Museker waren iergendwann sou gelatzt, well si ëmmer dat selwecht Lidd hu misste spillen, datt si et guer net méi eescht geholl hunn. Dat mécht de Charme vun dësem reusséierte Video aus, dee komplett an engem Take gefilmt gouf.

Buddy Holly ass wuel ee vun de bedeitendste Museksvideoen aus den 90er Joren. D'Band spillt an der Kuliss vum Diner vun Happy Days, an eng ganz Rëtsch Zeenen aus der US-Tëleesserie goufen dertëschent geschnidden. D'Museker hunn eng beige Schoul-Band Uniform un, a liwweren hei de Blueprint fir den Indie-Nerd Look.

Fun Fact: Microsoft hat de Video deemools mam Installer-CD vu Windows 95 geliwwert. "I look just like Buddy Holly" - wat ee Knüller! Bis haut!