Radioen

On air

Tockcity  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng gutt Dosis tropesche Charme

O Terno - <atrás/além>

Eng gutt Dosis tropesche Charme

Fir eisen Album vun der Woch geet et déi Kéier a Brasilien. An zwar bei den Trio O Terno. Hiren neien Disk "&lt;atrás​/​além&gt;" ass einfach nëmme fir ëmzefalen, mengt op alle Fall den Jamie Reinert.

auto_stories

3 min

Déi dräi Jonge vum Grupp O Terno komme vu São Paulo a musizéieren zanter 2009 mateneen. Hiren Numm heescht "De Kostüm", an hirer Musek no ass et en handgeschneiderten, mat engem elegante Design aus de 60er. Op hirem véierten Disk "<atrás​/​além>" hu si sech a punkto Orchestréierung net zeréckgehalen. Hir melodiéis a suave Lidder goufen elo mat Orchester ausgebreet. An d'Resultat ass grad esou epesch wéi intim.

Den Titel "<atrás​/​além>", also "hannendrun / déisäit", erënnert un dem Søren Kierkegaard säi literaresch/philosophescht Wierk "Entweder/Oder". Jiddefalls fënnt ee vum musikaleschen hier keng skandinavesch existenziell Verzweiwlungen erëm. O Terno bleiwe mat zwee Féiss a Brasilien an éieren hir musikalesch Ierfschaft mat vill Eleganz. Den Afloss vu britescher an amerikanescher Pop a Rock Musek ass natierlech och net negligabel, mee hei gëtt d'Tropicália Mouvement Enn de 60er den Toun un.

Déi sozial-kritesch Kënschtler Beweegung, déi sech deemools dem autoritäre Militär-Regime a Brasilien géigeniwwer gestallt huet. Exotesche Pop mat bësseger Botschaft, geleet vu Museker wéi de Caetano Veloso, Gilberto Gil, Tom Zé, Gal Costa an déi däitlechst Referenz fir O Terno, Os Mutantes.

Dialog tëchent Traditioun a Modernitéit

Grad wéi den originelle Line-Up vun Os Mutantes sinn O Terno en Trio a komme vu São Paulo. Bossa Nova, psychedelesche Rock, Folk a Soul verlafen hei aneneen. Enn de 60er huet de Caetano Veloso am Kontext vum Tropicália Mouvement vu "kulturellem Kannibalismus" geschwat. Sech allméiglech Influenze gurmangseg uneegnen. An dëse verspillten Dialog tëschent Traditioun a Modernitéit féieren O Terno virun.

D'Bass Batterie Gittar Kombo ass op "<atrás​/​além>" schéin erweidert ginn. E ganzen Orchester verleet hirem basesche Sound nach weider Vibratiounen. Eng Panoplie vun Texturen, déi an den dynameschen Arrangementer hir Plaz fannen. D'Lidder schaukelen erop an erof, déi duuss Momenter lafe ganz dezent an déi méi opulent iwwer. Op "<atrás​/​além>" gëtt vill mat Kontraster gespillt, an et fënnt een ëm all Eck delikat orchestréiert Passagen. An iwwer dësem ganze Mier fléisst déi fragil Stëmm vum Frontman Martim Bernardes.

Op dem véierten O Terno Album gëtt mat zäitlosen Elementer geschafft. Delikate Songwriting an eng klassesch Instrumentatioun. Mee hire Sënn fir den Detail mécht "<atrás​/​além>" zu engem grousse Wierk. Eng Plack mat filigrane Momenter, waarmen Téin, an enger gudder Dosis tropeschem Charme.