Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op e Blind Date mat bekannten Onbekannten

Album vun der Woch

Op e Blind Date mat bekannten Onbekannten

Op hirem Lockdown-Album "Blind Date Party" coveren de Bill Callahan an de Bonnie Prince Billy Lidder vun ënner anerem dem Leonard Cohen, Steely Dan an der Billie Eilish. Eng Party mat bekannten Onbekannten an eng Od un déi kreativ Kollaboratioun.

auto_stories

3 min

De Bill Callahan an de Bonnie "Prince" Billy. Foto: Hanly Banks Callahan / Mabel Cooper

Alles huet ugefaange mat engem Cover vum Yusuf Islam sengem Song "Blackness of the Night". Am Oktober 2020 hunn de Bill Callahan an de Will Oldham, besser bekannt als Bonnie Prince Billy, eng gemeinsam Interpretatioun vun dësem Lidd mat hire Fans gedeelt.

"I'm alone and there is no one by my side" heescht et hei am Song - eng Zeil, déi deemools am éischten däischtere Lockdown-Hierscht d'Stëmmung op de Punkt bruecht huet. Och an de Wochen a Méint dono hunn déi zwee Museker ëmmer méi Coverversioune presentéiert, bei deene si vu Kënschtlerinnen a Kënschtler vun hirem Label "Drag City" ënnerstëtzt goufen.

E kreativ-kollaborativen Effort

D'Konzept vu "Blind Date Party" ass einfach: De Bill Callahan an de Bonnie Prince Billy hu sech Lidder erausgesicht, déi de jeeweils aneren dann interpretéiere sollt. Eng Réifaassung vum Cover gouf doropshin un ausgewielten "Drag City"-Acts geschéckt, déi den Track weiderentwéckelt a fir d'Finalisatioun un de Callahan an Oldham zeréckgeschéckt hunn.

Et goufen dobäi keng Instruktiounen oder Reegelen, villméi sollte wéi bei engem Bind Date d'Spontanitéit an dat Onbekannt de kreative Prozess leeden. Ënner den 19 Stécker si Lidder vun ënner anerem dem Leonard Cohen, Iggy Pop, Lou Reed an och dem Callahan an Oldham selwer vertrueden. D'Resultat ass eng Jam Session op Distanz, där et net un Intimitéit feelt.

Vu Folk, Americana a Country zu Tropicália an Elektropop

Beim Bill Callahan an dem Bonnie Prince Billy hirer Selektioun dominéiere virun allem Folk, Americana a Country. Et fanne sech awer och Exceptioune wéi der Bille Eilish hire Song "Wish you were gay", deen hei zesumme mam Sean O'Hagan vun der Formatioun "The High Llamas" zu enger Mëschung aus Tropicália, Elektropop an Autotune veraarbecht gëtt.

Och dem Robert Wyatt säin déiftrauregen a melancholesche "Sea Song" gëtt vun de béide Museker mat Hëllef vum "Dirty Three"-Gittarist Mick Turner nei interpretéiert. Den Oldham kléngt hei ganz no un dem Wyatt senger zerbriechlecher Stëmm, wärend de Callahan säin donkele Gesang iwwer déi verzerrte Gittar leet.

Besonnesch am Stéck "The Wild Kindness" mat sengem Chouergesang kritt een d'Gemeinschaftsgefill vun der vertounter Blind Date Party ze spieren. Den Original kënnt d'Lidd vu Silver Jews, der Formatioun ëm den 2019 verstuerwene Frontmann David Berman. Fir hir Versioun hunn de Callahan an den Oldham dann d'fréier Fra a Bandpartnerin vum Berman, d'Cassie Berman agebonnen.

Et sinn dës Momenter, déi "Blind Date Party" auszeechnen, an deenen näischt vun der Onbehollefheet vun engem Blind Date ze spieren ass, mee sech eng Vertrautheet etabléiert, déi Loscht op e weidert Treffe mécht.