Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alice Phoebe Lou - Shelter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OPL op Tournée a Spuenien

Klassesch Musek

OPL op Tournée a Spuenien

Iwwer 120 Museker, Bühnentechniker, Produzenten a Responsabeler aus der Orchesterverwaltung sinn op Allerhellgen op Madrid geflunn: De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass op Spuenien-Tournée. Den Ufank mécht ee Concert am Auditorio Nacional zu Madrid. Duerno geet et weider op Valencia, Saragossa an Alicante.

auto_stories

2 min

De Gustavo Gimeno bei der Prouf am Auditorio Nacional zu Madrid

D'Stëmmung beim Orchestre Philharmonique du Luxembourg, kuerz OPL, ass exzellent während der Prouf am grousse Concertssall zu Madrid. De Gustavo Gimeno, de Chefdirigent vum OPL, weist mat präzise Gesten a kloren Usoen, wat hie gäre wëll. D'Museker sinn entspaant, awer duerfir net manner konzentréiert. "Ech sinn zefridde mam Verlaf vun der Prouf", verréit eis de Gustavo Gimeno.

Hien huet zwee ënnerschiddlech Programme fir dës Tournée preparéiert: Engersäits "Le Sacre du Printemps" vum Strawinsky, kombinéiert mam Geieconcerto vum Tschaikowsky. Anerersäits déi 7. Symphonie vum Bruckner, zesumme mam Geieconcerto vum Schumann. Et ass dem Chefdirigent vum OPL no net einfach, esou no openeen zwee komplett verschidde Programmen ze spillen. "Do muss ee séier ëmdenken an ëmmer fokusséiert bleiwen.

Retour a Spuenien

Fir dee gebiertege Spuenier Gustavo Gimeno ass d'Tournée mam OPL eppes Besonnesches. Dëst Joer dirigéiert hien nëmme véier Concerten doheem - an dat sinn déi, mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Ganz speziell gëtt et fir hien, wann den Orchester zu Valencia, a senger Heemechtsstad, Statioun mécht.

De Maestro wierkt och am Gespréich no der Prouf nach enorm konzentréiert. Dat bleift fir hien esou, bis de Concert eriwwer ass. "'Éischter léist bei mir d'Spannung net no." Duerfir kéint hie sech och eréischt no all Concert richteg drop freeën, datt hien zeréck a Spuenien ass a Bekannter a Famill erëmgesäit.

De Sacre als roude Fuedem

Dem Igor Strawinsky säi Skandal-Ballet, de "Sacre du printemps", ass am Ablack de roude Fuedem an der Programmatioun vum OPL. Am Ganze wäert den Orchester d'Wierk aacht Mol bis un d'Enn vun der Tournée gespillt hunn. An der Prouf spiert een, datt den Dirigent an d'Museker bis un de Kär vun der Partitur komm sinn.

An awer fënnt de Gustavo Gimeno nach ëmmer kleng Detailer - hei eng Phraséierung, do eng Betounung - déi ee kéint besser maachen. "Fir mech ass souwisou all Concert anescht. Och wa mir ee Stéck ewéi de Sacre elo wierklech gutt kennen." A grad duerfir klappt Zesummenaarbecht mat der Geiistin Patricia Kopatchinskaja och esou gutt: Hei sinn zwee Museker op enger Wellelängt.


De Freideg 3. November proposéiere mer am Magasinn "Resonanzen" um 14 Auer ee Stëmmungsbild vun der OPL-Tournée a Spuenien.