Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Klang vum Orchester huet changéiert"

Philharmoneschen Orchester

"De Klang vum Orchester huet changéiert"

Den OPL war den 20. Januar zu Wien am Konzerthaus fir e Concert - een "intensiven" Optrëtt, seet de Gustavo Gimeno. Am Interview beschreift de Chefdirigent d'Entwécklung, déi den Orchester ënner senger Leedung gemaach huet.





auto_stories

3 min

(Foto: © Lukas Beck)

Fir d'lescht war den OPL am Juni 2015 mam deemolege Dirigent den Emmanuel Krivine zu Wien. Annerhalleft Joer méi spéit war den Orchester mam aktuelle Chef de Gustavo Gimeno an nees am Konzerthaus. Mat engem Programm, dee kuerz virdrun um Kierchbierg an der Philharmonie virgestallt gi war: D'"Pavane pour une infante défunte" vum Maurice Ravel, den zweete Concerto fir Gei vum Shostakovich, an de "Sacre du printemps" vum Stravinsky.

Volle Programm, iwwerzeegend Performance

Fir den Optakt ass d'Pavane keen einfacht Stéck. Besonnesch fir de Cor-Solo, deen direkt am staarken Aigu muss ufänken. Am Allgemengen huet de Gustavo Gimeno hei eng schlicht Interpretatioun geliwwert. Den Orchester konnt trotzdem mat enger schéiner, waarmer Klangfaarf beandrocken.

An der Suite war den zweete Geieconcerto vum Shostakovich du méi melancholesch an dramatesch. De Shostakovich huet dëst Stéck Enn 1967 geschriwwen also kuerz viru sengem Doud. De Concerto erënnert un e Wanderer an engem frieme Land, dee ronderëm sech just Misär gesäit. Fir dës laang Lamentatioun war de Sergeï Khachatryan op der Gei deen idealen Interpret.

Spéitstens beim Stravinski sengem "Sacre du Printemps" huet een den Orchester quasi net méi erëm erkannt. Ënnert dem Emmanuel Krivine huet den Ensembel sech éischter bescheiden a senger Spillweis gewisen. Mëttlerweil schéngt den Orchester sech mat all senge Kontraster z'entfalen: Sief et an der Dynamik, an den Akzenter, oder dem Equiliber tëscht de verschiddene Registeren.

Den armenesche Geiist Sergeï Khachatryan (Foto: © Lukas Beck)

Interview Gimeno

Déi dynamesch an extrem präzis Direktioun vum Gustavo Gimeno deet dem Orchester gutt. An der Spillweis, der Klangform, mee och am Engagement vun de Museker. Et mierkt een, datt d’Memberen vum OPL gären ënnert dem Gimeno spillen a sech matrappe loossen. A genee dëse Fonken spréngt op de Publikum, dee mat engem waarmen a laangen Applaus den OPL zum "Bis" beweege konnt.

De Spuenier ass zënter der Saison 2015/2016 Chefdirigent vum OPL. Zënterhier hätt d'Klangfaarw vum Orchester sech scho verännert, mengt hien. Mëttlerweil wier et ee Klang, deen ee besser erëm erkennt. "Et geet an d'Richtung, déi ech mir virstellen: Een transparente, relaxe Klang vu Qualitéit."

De Gustavo Gimeno hofft, datt den Orchester weider u senger Flexibilitéit fir verschidde Repertoirë schafft: "Wann ee Schubert, Stravinsky oder Mahler spillt, ass all Kéiers een anere Klang gefuerdert an eng aner Manéier ze spillen."

Gustavo Gimenoplay_arrow

"Eng waarmhäerzeg Atmosphär"

De Sergeï Khachatryan huet scho mam OPL zesumme geschafft. Fir hie wier déi Zesummenaarbecht ëmmer ganz agreabel, esou den armenesche Geiist. Mee elo huet hien éischte Kéier ënnert der Direktioun vum "Maestro Gimeno" gespillt.

Den zweete Geieconcerto vum Shostakovich wier awer fir déi ganz Equipe eng nei Entdeckung gewiecht, dat Stéck hätt den OPL bis elo nach ni gespillt. Dowéinst wier et ee méi laange Prozess an deem een hei dra wier. D'Stéck géif mat den Optrëtter méi räif ginn.

Sergeï Khachatryanplay_arrow