Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Optimismus muss méi gepusht ginn"

Sessa

"Optimismus muss méi gepusht ginn"

"Eng poetesch Distraktioun fir d'Häerz méi liicht ze maachen", esou kéint een d'Musek vum Sessa definéieren. E Gittarist a Sänger vu São Paulo, deen haut den Owend an der Kulturfabrik spillt. Deen zweeten Optrëtt vu senger Europatournée, déi gëschter zu Bréissel ugefaangen huet. Den Jamie Reinert huet sech mam Sessa ënnerhalen.

auto_stories

3 min

De brasilianesche Museker Sessa bréngt de Mëttwoch den Owend an d'Kulturfabrik duuss brasilianesch Tonalitéite mat fir d'Séil ze masséieren. E freet sech wéi e Kichelche fir nees viru Publikum kënnen ze spillen.
"Eng poetesch Distraktioun fir d'Häerz méi liicht ze maachen", esou kéint een d'Musek vum Sessa definéieren. E Gittarist a Sänger vu São Paulo deen haut den Owend an der Kulturfabrik spillt. Den zweeten Optrëtt vu senger Europatournée déi gëscht zu Bréissel ugefaangen huet. Den Jamie Reinert huet sech mam Sessa ënnerhalen.

E freet sech wéi e Kichelchen. Wéi e Kand um éischten Dag Schoul. Zemools well d'Schoul oder besser gesot de Concertsall déi lescht zwee Joer fir hien zou war. Virun engem Publikum ze spillen ass fir de Brasilianer eng Noutwennegkeet. Musek wier fir hien eng helleg Matière, déi am Moment selwer gedeelt a geschätzt muss ginn.

"D'Mënsche sinn zanter dausende vu Joren am gaangen dës Substanz ze masséieren. Dovunner hunn ech e klenge Kär Sand a menger Hand. D'Musek soll mat Respekt, Sensibilitéit an Appreciatioun ugebak ginn."

2019 koum dem Sessa säin Debut "Grandeza" eraus. E Wierk op deem e vergaange musikalesch Traditiounen aus sengem Land trei a verdreemt opbléie léisst. Bossa Nova à la Tom Jobim bis hin zu Tropicalia à la Caetano Veloso, de Sessa integréiert a senger eegener Formulatioun brasilianesch Pop Musek vun de leschte 70 Joer, déi trotzdeem fest am Present verankert ass. Seng Kompositioune wieren do fir den Alldag ze beräicheren. U Liichtegkeet z'erënneren.

"Déi meescht vun eis wëssen dass d'Welt net groussaarteg ass. T dass se an engem schlechten Zoustand ass. Fir mech ass de Kënschtler net do fir deen Zoustand tel quel ze beschreiwen. U Schéinheet, Sensibilitéit an dat Anert ze erënneren ass fir mech e wichtege Message. D'Bün ass fir mech eng Plaz vu Poesie, Schéinheet a Musek."

Um Concert an der Kulturfabrik gëtt de Sessa vun zwou Sängerinnen an engem Perkussionist op der Bün ënnerstëtzt. Hie selwer zupft seng klassesch Gittar a séngt, zelebréiert den Austausch tëscht de Leit am Raum. Seng Arrangementer si simpel. Seng Melodie ganz generéis. A seng positiv Philosophie éierlech gesot zimmlech ustiechend.

"Optimismus muss méi gepusht ginn. Ech gleewen drun. Net op eng liicht oder eidel Manéier. Mat dëser Tournée fänken ech nees un dat ze maache wat ech maache kann, an zwar viru Leit spillen. Dat gëtt engem Hoffnung. All Dag Musek kënnen ze maachen."