Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Jazz stécht hannert där ganzer Iddi"

Album vun der Woch

"Den Jazz stécht hannert där ganzer Iddi"

Zënter senger Grënnung 2005 beméit den "Orchestre National de Jazz Luxembourg" (ONJL) sech fir neien Talenter als Plattform ze déngen. De Jean-Jacques Mailliet ass dat jéngst Talent, mat deem den Orchester bis ewell zesumme geschafft huet. Nëmme 16 Joer hat de Mailliet zur Zäit vun dëser CD-Produktioun.

auto_stories

4 min

(© Orchestre National de Jazz Luxembourg)

Am Mee huet den ONJL zwou nei Produktioune virgestallt, déi beim Label "WPR Records" eraus komm sinn. Engersäits "D’Pierle vum Da" mat Arrangementer vun traditionelle Lëtzebuerger Lidder am Stil vum "Count Basie Orchestra". An dann en Album mam Jean-Jacques Mailliet.

Den Jazz-Orchester ass als Big-Band-Formatioun bekannt. De Gittarist David Laborier schwätzt vun engem "Jazzensembel à géométrie variable". A genee esou ass den Orchester op der neier CD zesumme mam Geiist a Komponist Jean-Jacques Mailliet opgetrueden.

Aacht Kompositiounen: Vill Aarbecht

Bäigedroen huet de jonke Lëtzebuerger aacht eege Kompositiounen fir eng Besetzung vun zwielef Museker: Trompetten, Trombonnen, Gittaren, ee Bass, ee Batteur an natierlech eng Gei. D'Arrangementer vun der Blechsektioun si vum David Laborier a Gast Waltzing.

D'Stécker all selwer ze schreiwen hätt "schonn Zäit an Aarbecht kascht", seet de Jean-Jacques Mailliet. Ëmsou méi glécklech wier hie gewiescht, datt hien d'Geleeënheet krut fir mam ONJL eng Plack opzehuelen.

D'Ambiance vum Album weist dem Mailliet seng Verbonnenheet zur Natur. Stécker wéi "Floating Over Antarctica", "Sunrise" oder "Northern Lights" evoquéieren d'Naturelementer. An et spiert ee kloer Aflëss vu Pop, Rock an traditioneller irescher Musek.

Wat heescht hei Jazz?

Wéi kann een d'Resultat also bezeechnen? "Eppes ganz Eegenes, dat schwéier ze deiten ass", erkläert de Jean-Jacques Mailliet: "Et ass zimlech elektronesch, obwuel mir natierlech den akusteschen Touch hu vun der Gei, der Guitar an de Blechbléiser." Mat rengem, traditionellem Jazz hätt dat guer näischt méi ze dinn. Mee et géif vill Jazz dra stiechen, well e "stécht hannert där ganzer Iddi".

Iwwerhaapt sollt een oppassen, fir Jazz net ze vill enk ze definéieren, ergänzt den David Laborier. D'Leit géife sech ëmmer Free-Jazz virstellen, mee d'Museksrichtung hätt wier net ëmmer héich intellektuell gewiescht an hätt sech iwwer 100 Joer ëmmer nees verännert.

Dee mëttlerweil 17 Joer ale Jean-Jacques Mailliet mécht elo am Stater Conservatoire säi "Prix Supérieur" op der Gei nieft senge Jazz- a Kompositiounscouren. Säin Zil ass kloer: Nom Lycée wëll hien an d’Ausland op eng Uni goen, fir weider Musek ze studéieren, a lues a lues an déi professionell Musekscarrière eranzeklammen.

  • De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Jean-Jacques Mailliet an David Laborier: