Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parallel Linnen

Klassik-CD vun der Woch

Parallel Linnen

Hellgro, duerchsiichteg Sträifen, déi sech iwwer de Cover vum Disk zéien. Hannendrun: eng Foto vum Pianist Julien Libeer virun engem schwaarzen Hannergrond. Dësen Design ass net wierklech gelongen. Duerch déi Kombinatioun vum hell Groen, Duerchsiichtegen, mat der gréisstendeels schwaarzer Foto, huet een d'Gefill eng al verstëbsten CD am Grapp ze halen. Opgeholl gouf se 2018 am Concertgebouw Bruges. Eppes muss een deem Cover awer loossen: mat dësem Visuell ass den Titel vum CD "Lignes Parallèles" och optesch vertrueden. Mat dësem roude Fuedem weess den Disk op ganzer Linn ze iwwerzeegen.

auto_stories

3 min

Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Label: Evil Penguin Records Classic

Interpreten: Julien Libeer (Piano), Les Métamorphoses, Raphaël Feye (Dir.)

Wierker:

  • Jospeh Haydn: Sinfonie Nr. 49
  • Dinu Lipatti: Concertino am klassesche Stil, Op. 3
  • Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Piano Nr. 27

Amplaz op engem normale Fligel ze spillen, huet sech de Solist Julien Libeer fir ee vum Pianosbauer Chris Maene entscheet. Dës ass en Instrument bei deem d'Säiten alleguerte parallel verlafen. Normalerweis kräize sech déi méi laang, déif Säite mat de méi kuerzen hellen. Dat spuert op där enger Säit Plaz, huet op där anerer Säit awer och en Impakt op de Klang. Bei de Virgänger vum moderne Piano waren d'Säiten all parallel gespaant. Dës Bauweis huet de Chris Maene iwwerholl a moderniséiert. Seng Instrumenter sinn de Versuch, eppes vun der Klangcharakteristik vun den ale Pianoe mat den technesche Méiglechkeeten an dem Klangvolume vun haut ze kombinéieren. Wéi am Booklet ze liesen ass, krut de Chris Maene 2013 den Optrag fir dëst Instrument vum Daniel Barenboim. D'Resultat ass en immens kloren a renge Klang.

Parallellen och am Orchester

Mat dësem Instrument zitt de Julien Libeer eng parallel Linn zum Orchester, deen ee sengersäits als parallellen Ensembel zu historesche Formatioune betruechte kann. Ähnlech wéi beim Piano, ass den Orchester just un der aler Zäit inspiréiert: Si zéie Réckschlëss aus der historescher Opféierungspraxis fir d'Interpretatioun, spillen awer zu gréissten Deeler op modernen Instrumenter.

E koherente Programm

"Lignes Parallèles" bezitt sech net nëmmen op d'Soloinstrument an d'Approche vun de Museker, mee och op de Programm. Op der Affiche steet nieft enger Sinfonie vum Joseph Haydn an dem leschte Pianosconcerto vum Wolfgang Amadeus Mozart dem Dinu Lipatti säi Concertino "am klassesche Stil". An dësem Wierk vun 1936 kombinéiert hie Stilelementer aus der Klassik mat enger neier, moderner Klangsprooch.

Präzis interpretéiert

Passend zum klore Klang vum Piano spillt de Julien Libeer transparent a präzis. All Nout ass däitlech erauszehéieren, während hie gläichzäiteg - virun Allem beim Mozart - immens tëschent der Melodie an der Begleedung differenzéiert. Den Orchester iwwerzeegt duerch seng Vitalitéit a staark accentuéiert Rhythmik. Eenzege Manko ass d'Balance, déi deelweis ze staark op de méi déiwe Sträicher läit.