Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pass op, ech si Museker!

Nei Single vun The Ferocious Few

Pass op, ech si Museker!

De Francisco Rodriguez ass zanter gutt fënnef Joer zu Lëtzebuerg als Live-Museker ënnerwee an huet grad en EP mat sengem Coequipier Yves Ditsch fäerdeg gestallt. Déi éischt Single koum de Freiden eraus.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dem Francisco Fernandez seng Musekskarriär huet op de Stroossenecker vu San Francisco ugefaangen. Mat sengem beschte Kolleeg Daniel Aguilar huet hien do an der Powell Street, am Touristequartier, seng Spore gemaach, ass virun der Police fortgelaf a war zur richteger Zäit op der richteger Plaz fir Engagementer op Festivallen ze kréien - Coachella, South by Southwest, an anerer.

Zesummen hunn si fir de Billy Idol, Lynyrd Skynyrd an den Joe Cocker Première partie gespillt. Viru véier Joer ass de Francisco op Lëtzebuerg geplënnert an huet misste ganz vu fir ufänken. Mam Yves Ditsch huet hien elo säi "perfekte Batteur" fonnt.

An de Lockdowns ass "Living Hell" entstanen

Zu Lëtzebuerg koum och fir d'éischt eng Live-Plack eraus, déi den Esprit vun der Band gutt eriwwer bréngt, mee fir Radio-Airplay ongënschteg war. Dofir koum d'Iddi, an de Unison Studios Opnamen ze maachen. Esou ass och "Living Hell", niewent aneren neie Lidder, an de laange Stonne vun de Covid-19-Lockdowns entstanen.

Museker sinn, ass duerch d'Hell ze goen - mee et ass derwäert, seet den neie Song vun de Ferocious Few. De Song ass un een imaginäre Partner geriicht, deen d'Aléase vun der Kënschtlerexistenz indirekt muss matdroen. Déi knackeg an accessibel Punk-Nummer ass deen éischte Song vun enger Handvoll, déi Mëtt Juni a Form vun engem EP wäerten eraus kommen.

"Mir spillen op der Fête de la musique an der Stad, a kuerz duerno um Cider Fest am Black Stuff, do wier eng gutt Geleeënheet, de Leit eis nei Plack ze presentéieren", esou de Sänger a Gittarist. Affaire à suivre!