Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pavement - Terror Twilight

Deja Vu

Pavement - Terror Twilight

D'Diskographie vu Pavement, déi kalifornesch Formatioun aus Sänger a Gittarist Stephen Malkmus, Gittarist Scott Kannberg, Bassist Mark Ibold a Perkussionist Bob Nastanovich, huet fir vill vun hire Fans d'Form vun enger Rutschbahn. Am Ufank Top, um Enn Flopp.

auto_stories

6 min

Slanted and Enchanted, Anno 1992, dierft deemno dem Kenner säi Choix bleiwen, wann et ëm Pavement Placke geet. Dëse Mount trëfft et sech awer esou, datt et déi lescht Plack vu Pavement ass, déi hiren 20. Gebuertsdag feiert. Terror Twilight, erauskomm den 8. Juni 1999.

Terror Twilight, dat sinn déi zwee Momenter vum Dag, wou d'Sonn vum Horizont gespléckt gëtt, eemol mueres, eemol Owes. Déi Zäit, wou de Statistiken no Autos- an aner Accidenter méi heefeg si wéi soss. Den Titel ëmzedréinen, Twilight Terror also, hätt och gutt gepasst, well et spiert ee vun Zäit zu Zäit, datt d'Band, déi hei opgeholl huet, Angscht virun hirem eegenen, fortschreidenden Zesummefale muss gehat hunn.

Eng Atmosphär vun Tensioun

Direkt den éischten Track, Spit on a Stranger, dréckt dës Atmosphär vun Tensioun aus a verschaaft och dem Textschreiwer Malkmus sengem Léisungsvirschlag Loft: eleng driwwer erauswuessen. Wou Pavement probéiert hunn an den Jackpot Studios am Oregon mat der Plack unzekommen, hu si um Enn zesumme Scrabble gespillt. Si waren sech net eens, wéi eng Lidder ze wielen, well de Malkmus keng Stécker vu sengem Gittarist Kannberg wollt zouloossen. Déi anscheinend braavste Plack vu Pavement fänkt also mat engem vun hire rosensten Titelen un.

Terror Twilight war also eng verflixte Plack. Dem Malkmus seng eisen Hand hat Konflikter an der Band eropbeschwuer an d'Ophuele blockéiert. Mat där selwechter eisener Hand wollt de Frontmann d'Blockad léisen an ee Produzent zur Hëllef huelen, bei dem näischt kënnt schif goen. Den Nigel Godrich, laangjärege Produzent vu Radiohead a méi rezent, dem Beck, huet um Pabeier no engem exzellente Choix ausgesinn. Mee Spaass hunn hinnen d'Opnamen net gemaach.

De Fans huet eppes gefeelt

De Scott Kannberg, dee spéider sollt de Projet Spiral Stairs grënnen, huet verschotert a rose missten nokucken, wéi nach ëmmer kee vu senge Songs ausgewielt gouf, säi Gittarspill den héije Standarde vum Godrich seelen entsprach huet, an d'Produktioun sech ëmmer méi ronderëm de Malkmus gesponnen huet. Den Nastanovich hat manner Problemer mam Makmus sengem Egotrip.

De Fans hunn déi gewinnten Imperfektiounen, Spontaneitéiten, an e klengen Drift gefeelt. "Wat typesch ass fir Terror Twilight", esou de Journalist Thomas Erlewine, "ass datt et eng nodenklech Plack ass, mat hei an do enger Envolée, déi sech perfekt an de relaxe Flow erafüügt. Et ass och déi am präziiste gespillte Pavement Plack, déi jee gemaach gouf, well de Produzent Nigel Godrich den Instrumentalisten hir exzessiv Tendenzen zeréck hält, wéi en et och scho bei Radiohead a Beck gemaach huet. D'Band kléngt nach wéi Pavement - heirt schwéngend Zesummespill ass onverkennbar - an och wann dem Malkmus seng Lidder méi dense a literaresch sinn ewéi gewinnt, si se och méi approchabel." Seng Conclusioun ass interessant, nämlech datt Terror Twilight et vläicht éischter verdéngt, als dem Malkmus säin éischte Soloalbum ze gëllen.

D'Essenz vun der Band erauschielen

Et fält een einfach an déi üblech Trope vum egomane Sänger, dee mam Star Produzent zesummen déi aner Memberen an de Schied stellt. Mee wéi déi meescht Journalisten ugemierkt hunn: vill méi wéi ee mengt, schielt d'Produktioun vun Terror Twilight och d'Essenz vun dëser Band, vun hirem Songwriting an hirem Zesummespill koherent eraus.

Esou kann een Terror Twilight als Cadeau gesinn, dee weder virun, nach no 1999 senges Gläiche fënnt. Genee an der Mëtt vun der Plack weist Platform Blues, datt dem Nigel Godrich seng Präsenz net nëmmen aseptiséierend wierkt. Fir eng Band, déi kaum nach zesumme schreiwe konnt, kommen op dësem Track dach vill Iddien zesummen, vun alle Bandmemberen.

D'Chimie erëm wierke loossen

De gelongene Versuch, eng schwächlech Bandchimie nach eemol zum reagéieren ze bréngen ass villäicht dem Godrich säin Haaptmerite. Pavement is dead, long live Pavement. D'Wahwah Akzenter op der Gittar, an d'Mondharmonika, iwwregens vum Radiohead Gitarist Johnny Greenwood gespillt, bréngen de Song weider. A Pavement huet hei d'Éier, hire Sound op déi iwwerproduzéiertst, propperst an detailverléifsten Aart a Weis an d'Vitrinn gestallt ze kréien.

Dem Stephen Malkmus säin éischte Soloalbum war also de Spëtznumm vun Terror Twilight, Pavement hirer véierter a viraussiichtlech leschter Studioplack. You are the Light, den drëtte Song op der Scheif, bestätegt dës Versioun vun de Faiten an deem Sënn, datt dem Malkmus säi Songwriting hei mat sengen Ecke, Kanten an Approximatiounen an de Virdergrond réckelt. Dem Produzent Nigel Godrich seng Signatürs-Bandmaschinneneffekter, kleng Zousaatzinstrumentatiounen an opwänneg Stereoplacementer ginn dësem Songwriting och fir d'éischte Kéier e Stéckche méi Loft.

Dat gëllt och fir déi eenzel instrumental Parts, well och déi stinn an enger transparenter Bris. Pavement kléngen hei net wéi eng klassesch Americana-Band, wéi deemools béis Zonge behaapt hunn, mee wéi eng Band, där hir eegen Energie a Spillweisen souwuel eleng wéi och zesumme stoe kënnen. You are the Light, den drëtte Song, kënnt zum Beispill net um Malkmus sengem wierklechen éischte Soloalbum drop sinn. Well dee kléngt, paradoxerweis, eng gutt Nummer méi rau.

Nei Musek vu Pavement?

Bis virun enger Woch war et wahrscheinlech, datt Terror Twilight déi lescht Studioplack vu Pavement géif bleiwen. Dunn huet den NME getitelt, de Mr Malkmus géif eng Reunioun an nei Musek vu Pavement fir ëmmer méi wahrscheinlech halen.

Ob esou oder esou, d'Diskussioun iwwer Terror Twilight, den onbeléifte Pavemenent-Album, wäert doduerch net zu engem Enn kommen. Fir des Wertschätzungskriis op de Punkt ze bréngen kënne mir e puer Froen zeréckhuelen, déi e gewëssene Scott Creney am Museksblog Collapseboard viru kuerzem zesummegedroen huet.

Säin Artikel nennt hien "The Wussification of Indie Rock - It's all Pavement's fault". Heiranner widderhëlt hie gängeg Klischeeën, no deenen Indie-Rock haut aseptiséiert an acceptéiert dohierkënnt, an datt dëst natierlech Pavement, an esou Placke wéi Terror Twilight, hir Schold ass.

Wéinst Geldgier, Honda-Reklammen an dem Ausschluechte vun Diskographien. Wéinst Verweechlechung an Gentrifikatioun. Wéinst dem Nigel Godrich. Indie war selbstzerstéieresch, chaotesch a wonnerbar, haut ass et en opgeraumte Kommerzprodukt.

Wat ass oder war Indie

Gottseidank ass den Auteur sech hei senger eegener Romantiséierung bewosst, a féiert sech selwer ad absurdum. Well och folgend Argumentatioun steet op feste Been: Wien 1991 an enger Indie-Band gespillt huet, war e Mann. En hat Jeans an e rëffegen T-Shirt un, well dat männlech war. De Sänger huet missten haart jäizen, well dat männlech war.

En huet missten um leschte Concert vun iergendengem, am léifsten engem Mann, eng gelantert kritt hunn, fir kredibel ze sinn. Diversitéit an d'Saach erabréngen, Fraen och zum Ofrocken ze bréngen, an nei interessant Sounds fannen, déi och emol net vun enger Gittar kommen, dat koum alles eréischt méi spéit, an där Zait, wou den Indie Rock ebe scho laang net méi Indie war. A souwisou, et ass alles Pavement hir Schold. Merci dofir also.