Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bléiser, analog Synthien an e Phantom aus der Vergaangenheet

Daniel Balthasar

Bléiser, analog Synthien an e Phantom aus der Vergaangenheet

Op sengem 8. Album "somebody's somebody" zeechent den Daniel Balthasar e Bild vun engem Personnage, deen no Identitéit a Sënn sicht. Mat enger neier Band, analoge Synthien, Saxophon a Klarinett bléist de Lëtzebuerger Museker frësche Wand a seng Kompositiounen, déi iwwer déi lescht Joren an néng Studioen opgeholl goufen.

auto_stories

4 min

Jamie Reinert: Dat hei ass elo däin 8. Album. Wat fir een Daniel Balthasar léiere mer déi Kéier kennen? Wéi eng Gedanken, Iddien, Kläng hunn dech am Projet geleet?

Daniel Balthasar: Ech muss do e bëssen aushuelen. Mäi leschten Album koum 2017 eraus. Eng Zäit, wou ech e bëssen an der Kris war. Mäi Bassist ass fort gaangen, kuerz drop de Gittarist. Ech hat d'Gefill, datt alles auserneebrécht. Dunn ass eng Schnapsiddi entstanen. Ech hat e puer Lidder fäerdeg, hunn dunn de Charel Stolz an Jimmy Leen vu Mad Fox gefrot, ob se Loscht hätte mam Rescht vun der Band mat an de Studio ze goen. Si waren direkt mat. Dat Ganzt war immens fräi an huet mir wierklech Loscht ginn nei Saachen ze schreiwen. Eng siwe Sessions wäerte mer gehat hunn a lues ass mer opgefall, datt et Richtung Album géif goen. Mam Covid huet sech natierlech alles fuerchtbar an d'Längt gezunn.

"somebody's somebody" gouf dann och net an engem, mee an néng Studioen opgeholl...

Mir waren zimmlech vill ënnerwee. Pre-Corona an der Belsch an den Daft an Jet Studios. Du ware mer an de Château d'Hérouville bei Paräis. D'Sträicher hu mer och bei Bréissel opgeholl. Da war ech nach bei de Yannic Fonderie a säi Studio. Dat ass e Guru vu Synthesizeren.

Et héiert ee vläicht och déi éischte Kéier e Saxophon an eng Bass-Klarinett an denger Musek.

Jo, ech hu fir d'éischte Kéier Bléiser dobäi. Ech si selwer Saxophonist vu jee hir. Spillen zwar keen ausser eemol d'Joer um Chrëschtmaart oder esou eppes. Ech hat mer e Saxophon fir dëse Projet geléint, hunn e bësse ronderëmgetuut an hu geduecht dat kéint funktionéieren. Fir d'Opnamen hunn ech de Wietse Meys kontaktéiert. Hie ass spezialiséiert op Studioopnamen a Bléiser. Hien ass selwer Saxophonist, Klarinettist a Querflütist a mat him hunn ech déi Saachen e bëssen ausgeschafft. De Pol Belardi hat esouguer en Arrangement geschriwwen an de Wietse Meys huet dunn alles bei sech opgeholl.



Du hues um Album speziell Gäscht. Schéi Feature vum Gert Bettens vu K's Choice, déi englesch Sängerin Kathryn Williams, d'Jana Bahrich vu Francis of Delirium an dann och de Ben Kweller. Wéi sinn déi Kollaboratiounen entstanen?

Si si virun allem entstanen aus ganz vill Gléck. Ech denken, datt déi ganz Pandemie do e bësse matgehollef huet. De Geert Bettens kennen ech scho laang. Duerch dem Jana seng Musek hunn ech mech op eemol nees esou jonk gespiert. Ech hu geduecht, dat wier genau dat wat ech gelauschtert hätt wa mer elo d'90er hätten. Also hat huet och ganz eege Saachen dem Projet bäigedroen, wou een erëm gesäit wéi vill Talent hat huet.

Dem Kathryn Williams hat ech am éischte Confinement spontan geschriwwen. Et huet keng hallef Stonn gedauert do hat ech d'Äntwert zeréck. Hat war direkt mat u Bord. An de Ben Kweller hunn ech an de leschten zwanzeg Joer ni aus den Ae verluer. Ech hat e scho fir mäi leschten Album gefrot, krut allerdéngs réit no e puer Joer eng Äntwert. Ech hunn him dunn e puer Demoe vun den neie Saache geschéckt an e sot e wéilt onbedéngt hannen op "Summer, Slowly Fading Daylight" e Gittarssolo ophuelen. Et huet awer ee Joer gedauert bis e seng Opname geschéckt huet.

D'Lidder um neien Album bilden u sech eng Geschicht vun enger Persoun, déi sech versicht ze fannen. War dat alles bewosst esou geschriwwen oder huet sech nom Schreifprozess réischt eng zesummenhänkend Bedeitung erginn?

Also dat ass sécher net bewosst gewiescht. Näischt wat ech schreiwen ass à la base bewosst. All déi Melodien an Texter kommen als éischt aus dem Onbewossten. An der leschter Session hunn ech op eemol driwwer nogeduecht. Wat ziels de eigentlech an deene Lidder? Ech hunn eng Narrativ do dran erëmfonnt, ebe vun engem fiktive Personnage deen als jonke Mënsch start, en denkt sech "déi ganz Welt huet just op mech gewaart". Am Laf vun den eenzele Lidder mierkt hien e mécht ee Feeler nom aneren, deelweis duerch Arroganz, deelweis well en denkt en ass onersetzbar. Dat féiert dozou datt e sech ëmmer méi isoléiert, vun der Welt a vu sech selwer. Um leschte Lidd "Shadow" ass am Fong de Punkt wou e realiséiert "ech hunn esouvill Feeler gemaach, déi hu mech heihi bruecht. Sinn ech nach deen, deen ech sinn oder war oder wëll sinn?"

Dann ass nach een hidden Track um Album, deen heescht "One Second of Silence". Dat ass e Song, deen hunn ech opgeholl iergendwann an enger Summer Nuecht nodeems ech vun engem Bal heemkomm sinn, dat muss 1999 gewiescht sinn. Ech hunn déi Demo doheem erëmfonnt a hu geduecht et wier immens passend. Do héiert ee mech dann als 19-Järege sangen. Et ass e bësse geduecht als en After-thought, e Phantom aus der Vergaangenheet.