Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Baltimore iwwer d'Plënnerfirma bei d'Filmmusek

Komponist vum Mount

Vu Baltimore iwwer d'Plënnerfirma bei d'Filmmusek

De Philip Glass, eise Komponist vum Mount Januar, huet scho fréi eng Passioun fir Musek entwéckelt. De Wee bis bei de Succès war awer laang, an huet, ënner anerem, iwwert eng Plënnerfirma gefouert.

auto_stories

8 min

"Wanns Du op New York gees, fir do Musek ze studéieren, wäert et Dir esou ergoen, wéi dengem Monni Henry, dee säi ganzt Liewen domadder verbréngt, vu Staat zu Staat ze reesen an an Hoteller ze liewen." Sou huet dem Philip Glass seng Mamm reagéiert, wéi hien erkläert huet, wat hie wëlles hätt: hie wollt seng Heemechtsstad Baltimore verloossen, fir op New York op déi renomméiert Juilliard School Musek studéieren ze goen.

Seng Mamm sollt Recht behalen: Tatsächlech huet de Philip Glass déi nächst Jore mat Reese verbruecht. Allerdéngs net sou, wéi säi Monni Henry. Deen hat säi Studium opginn, fir seng Suen als Perkussionist ze verdéngen. Déi nächst 50 Joer huet hie mat verschidde Formatioune Musek fir Hotelgäscht gemaach.

Scho jonk vun der Musek ugezunn

A senge Memoire schreift de Philip Glass, datt et fir hie scho ganz fréi kloer war, datt hie Musek wéilt maachen: "Zënter datt ech ganz jonk war, gouf ech vun der Musek ugezunn. Ech hu mech mat hir verbonne gefillt, an ech wousst, datt et mäi Wee wier, Musek ze maachen." Zu New York huet de Philip Glass sech an d'Niewecoursë vum Kompositiounsprofesser Stanley Wolfe op der Juilliard School ageschriwwen.

Als reguläre Student hätt hien d'Méiglechkeet gehat, op der Museksschoul ze üben. Mee well hie just an den Niewecoursen ageschriwwe war, hat hie keng Prioritéit fir d'Proufsäll ze notzen. Dat eenzegt wat him iwwereg bliwwen ass, war moies ganz fréi op d'Uni ze goen, sech e Raum mat engem schlechte Piano sichen, an ze hoffen, datt sech d'Studenten fir d'éischt déi gutt Pianoe géifen eraussichen, ier si hien aus sengem Raum géifen eraus geheien.

Paräis fir professionell ze ginn

Bis zu den Opnamexamen hat de Glass ronn zéng nei Stécker komponéiert, déi sech d'Proffe vun der Juilliard genee ugekuckt hunn. Eng Äntwert krut hien zéng Deeg no senger Virstellung: Hie war net just ugeholl ginn, mee hie krut souguer nach eng kleng Bourse accordéiert. Säi Studium huet de Glass genotzt, fir esou vill wéi méiglech ze léieren. Deementspriechend séier konnt hie säin Ofschloss maachen.

Fir sech als Komponist weider z'entwéckelen ass hien dunn op Paräis gaangen. Do huet hie beim Nadia Boulanger studéiert. "Et war zu Paräis wou ech meng Trainingsphase ofgeschloss hunn, an ech e professionelle Komponist gi sinn", huet hie méi spéit gesot.

Plënnere mat Glass a Reich

No enger spiritueller Rees duerch Indien, wou de Philip Glass zum Buddhismus konvertéiert ass, goung et 1964 zréck op New York. Do wollt hie sech e Liewen als Komponist opbauen. Well ee mat senger Musek allerdéngs net genuch Sue verdéngt huet, huet hien en Niewenjob missen unhuelen. Ee Kolleg vun him, deen New York wollt verloossen, huet dem Glass e Camion geschenkt.

Esou koum et, datt de Glass am Transportgeschäft gelant ass. Moies huet hie mat sengem Truck de Leit gehollef plënneren, an owes huet hie komponéiert. Aus dëser Niewebeschäftegung ass eng eege Firma entstanen, déi de Philip Glass "Chelsea Light Moving" genannt huet. A fir dës Firma huet och iwwregens de Komponist Steve Reich eng Zäitche geschafft.

"Philip Glass Ensemble"

"Wat interessant u menge fréie Wierker ass, dat ass datt se en eegene musikalesche Charakter haten. Wéi dat geschitt ass, doriwwer sinn ech mer net sécher", sou de Philip Glass. Zu New York huet hie misste feststellen, datt et net nëmmen duergeet gutt Musek ze schreiwen, mä datt ee sech och aktiv dofir asetze muss, fir se bekannt ze maachen.

Dofir huet hien decidéiert de "Philip Glass Ensemble" ze grënnen. Fir deen éischte Concert ze preparéieren huet hie sech en halleft Joer Zäit geholl. Doriwwer schreift hien: "Duerch d'Miwwele plënneren, d'Komponéieren an d'Prouwen, war ech an deenen nächste sechs Méint zimlech beschäftegt."

Variatiounen erkennen duerch Widderhuelung

Dem Philip Glass war et wichteg, datt d'Nolauschterer ganz no u senger Musek dru sinn a ganz genee oppassen, wat geschitt. Dofir baséiert seng Musek net op enger Geschicht, déi duerch thematesch verschaffte Motiver verzielt gëtt, mee op engem strukturelle Prozess. De Robert Maycock, deen e Portrait iwwert de Philip Glass geschriwwen huet, vergläicht dës Evolutioun mat där am Theater: An den Theaterstécker vun 20. Joerhonnert géing den Auteur net méi vum Publikum verlaange sech mat de Protagonisten z'identifizéieren.

Et géing een net méi, wéi et fréier am romanteschen Theater de Fall war, duerch Geschichte gefouert ginn, wou déi eng leiden an déi aner triumphéieren. Den Narrativ géing deelweis komplett opgeléist ginn an et géing drëms goen, dat Ganzt z'erfaassen. Fir dat z'erreechen huet hien op d'Repetitioun gesat. Andeems eng Melodie ëmmer nees widderholl gëtt, fält et dem Nolauschterer méi liicht, Variatioune festzestellen.

Léift fir Musek a Wëssenschaft

"Ee vun deene gréisste Mëssverständnesser iwwert meng Musek war, datt se sech déi ganzen Zäite just widderholl hätt. Eigentlech, huet se sech ni widderholl, well wann dat de Fall gewiescht wier, da wier se net nozelauschtere gewiescht. Dat wat se nolauschterbar gemaach huet, waren d'Changementer", schreift de Philip Glass.

Säi groussen Duerchbroch hat de Philip Glass mat der Oper "Einstein on the Beach", déi op senger Begeeschterung fir d'Wëssenschaft baséiert: "Vu Kandheet u bis elo, waren d'Musek an d'Wëssenschaft meng grouss Léift. Ech gesi Wëssenschaftler als Visionären, als Poeten."

Eng grouss Verbindung gesäit de Glass an der Aart a Weis, wéi Museksstécker a grouss Iddien entstinn. Hien erënnert sech un eng Zeen aus engem vum Einstein senge Bicher: De Wëssenschaftler hätt et sech bildlech virgestallt, wéi en op engem Luuchtstrahl gesiess hätt a laanscht d'Äerd geflu wier. Den Einstein hätt eppes visualiséiert an dat duerno probéiert duerch d’Mathe auszedrécken. "Dat wat ech beim Komponéiere maachen, ass net anescht. Alles wat ech, nodeems ech eng Visioun hat, maachen, ass, dat mat der Sprooch vun der Musek auszedrécken, wat ech an der Visioun héieren hunn."

Energie als Thema

Nodeems d'Konzept vun der Oper gréisstendeels stoung, huet de Philip Glass am Fréijoer 1975 ugefaangen d’Musek ze komponéieren. De Glass wollt d'Energie zum Haaptthema maachen, an zwar eng Energie, déi net gestoppt ka ginn. Der Musek huet hien dowéinst e groussen Driff no vir ginn. Well dës Oper esou ongewéinlech ass, huet se no hirer Première grouss Welle geschloen an de Philip Glass op ee Schlag berühmt gemaach.

Dat Ganzt hat allerdéngs och eng donkel Säit. Weder de Glass, nach de Regisseur Bob Wilson hunn an der finaler Phase vun hirem Opereprojet op d'Sue gekuckt. Wat si net wossten: Quasi keng Oper ka sech finanziell selwer droen. Dowéinst hu si bei all Opféierung missen dropbezuelen. Alles an allem sinn esou Scholde vun iwwer 100.000 Dollar zesummekomm.

De Glass gëtt bei der Wäschmaschinn erkannt

Dofir huet de Glass alt nees en neien Niewenjob ugeholl. Nieft senger Plënnerfirma huet hien ugefaangen, fir seng Cousine Jene ze schaffen. Si war Entreprener an de Glass huet fir hir Firma Mauere gebaut. No an no, huet e sech ëmmer méi u sanitär Aufgaben erugetraut. Am Ufank wousst hie kaum, wéi een zwee Réier matenee verbënnt, mä no an no huet e sech alles selwer bäibruecht.

Dës Fähegkeeten huet en du mat senger Firma "Chelsea Light Moving" combinéiert. Enges Daags huet en dem Konschtkritiker George Hughes plënnere gehollef. Wou deen erkannt huet, wie grad bei him um Buedem louch, fir seng Wäschmaschinn unzeschléissen, huet hie sengen Ae bal net getraut. Dee Komponist, deem seng Oper duerch déi international Press gaangen ass, deen als neie groussen amerikanesche Komponist gefeiert gouf, war bei him doheem an huet Réier verbonnen! Och wann "Einstein on the Beach" de Philip Glass bal ruinéiert hat, huet se hien awer esou bekannt gemaach, datt e seng Scholde relativ séier ofbezuelen a säin Niewenjob faleloosse konnt.

Haut kennt een de Philip Glass och als Filmkomponist. Datt hien dëse Wee ageschloen huet, war net wierklech geplangt. Ugefaangen huet alles domadder, datt de Produzent Godfrey Reggio him ugeruff huet: "Hallo Philip. Ech ruffen Dir un, well ech grad un engem Film schaffen. Ech hunn dat lescht Joer domadder verbruecht, lauter Musek ze lauschteren an ech hunn decidéiert, datt ech Deng Musek fir mäi Film well."

Geäntwert huet de Philip Glass: "Merci Godfrey. Ech wier frou, mech mat Dir ze treffen, mee ech schreiwe keng Filmmusek." Dës Ausso sollt en e puer Deeg drop revidéieren. De Reggio huet dem Glass Ausschnëtter vu sengem Film "Koyaanisqatsi" gewisen, a Musek vu verschiddene Komponisten drënner geluecht. Dobäi huet de Glass misse feststellen, datt seng Musek tatsächlech am beschten drënner gepasst huet.

Am léifste Konschtfilmer

Esou koum et, datt hien och ugefaangen huet, Filmmusek ze schreiwen. Eng Preferenz huet hien dobäi fir Konschtfilmer, well een do méi Fräiheeten hätt: "Déi hunn zum Beispill net genuch Suen, fir een erauszegeheien. Soubal se een engagéiert hunn, mussen si bei deem Komponist bleiwen. Grouss Produktioune kënnen et sech leeschten, zwee oder dräi Komponisten z'engagéieren, ier si déi Musek kréien, déi hinne gefält. An trotzdem gëtt jidderee bezuelt."

De grousse Virdeel gesäit de Philip Glass bei grousse Produktiounen allerdéngs doranner, datt ee mat senger Musek esou e Millioune-Publikum erreeche kann, eppes wat duerch seng Instrumental-Stécker an Operen net garantéiert ass. Dofir fënnt een ënnert senge Filmkompositiounen och esou bekannt Titele wéi: "Candyman", "The Truman Show" oder "The Illusionist".

Philip Glass - Emissioun 1play_arrow

Philip Glass - Emissioun 2play_arrow

Philip Glass - Emissioun 3play_arrow