Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Possum - Lunar Gardens

Album vun der Woch

Possum - Lunar Gardens

D'Quintett "Possum" aus Toronto hëlt een zeréck an déi verschwomme musikalesch Epoque vun de spéide 60er. Hire progressive Sound ass awer wäit méi wéi eng Pastiche.

auto_stories

2 min

Déi psychedelesch Rock-Experimentatiounen Enn der 60er wäerten ëmmer gelunge Charakteren unzéien. Déi wëll, kollektiv Musek aus den Hänn vu King Crimson, Soft Machine oder och Sweet Smoke ass haut nach ëmmer esou mysteriéis an ureg wéi deemools. Musek fir an aner Sphären ze reesen. Fir déi materiell Realitéit ze sprengen. Deen Drang, déi Recherche féiert d'Band "Possum" mat Äifer virun. Déi fënnef passionéiert Kanadier paken d'Wah-Wah Pedal, de Wurlitzer, Bongoen an dee ganzen transzendentalen Zauber nees aus, mee brauen eng ganz eege kosmesch Musek op déi virun allem stramm groovt.

Der psychedelescher Rock-Traditioun gerecht kritt een eng gutt Dos Gittars-Akrobatik mat op de Wee. Mee déi schaarf Soloen a flénk Melodien si komplett am Déngscht vum Ganzen. Op de richtege Plaze gëtt sech zeréckgehalen, a wou néideg gëtt ferm op de Gas gedréckt. D'Kompositioune si wuel dense, mee d'Energie déi engem dobäi ëm d'Ouere flitt ass direkt a mat zwee Hänn ze paken.

Wat manner ze paken ass sinn d'Texter, déi bei esou Musek natierlech zimmlech wäit a beniwwelt sinn. Op eng gutt Manéier kryptesch. Am Presse-Text gëtt dem Alejandro Jodorowsky säi Film "The Holy Mountain" zitéiert. An déi Mystik, déi surreal Komponent déi dem chileenesche Cineast seng Filmer esou besonnesch mécht, fënnt sech an de ganz elastesche Kompositiounen erëm. Déi fléissend Rhythmus-Wiessel sinn e Genoss, déi beduselt Effekter gi mat frëscher Visioun agesat, an dat Onbeschreiflecht, déi ganz Magie vum kollektiven Zesummespill ass omnipresent.

Mol méi vu Rock, Funk, Jazz oder Pop geféiert, bitt "Possum" eng präzis awer dach net steril Musek, wou schéin openee gelauschtert gëtt. Déi fënnef Kanadier schwiewen an hirer eegener Welt. Eng organesch Eenheet, déi wéi knätschegen Nougat sech all Form uneegne kann. Opgeholl iwwer e puer Sessiounen ausserhalb vun Toronto lancéiert sech "Possum" hei tëscht de Stäre wou se hir verspillte Fantasien ausliewe kënnen. "Lunar Gardens" ass eng villschichteg Plack, déi beweist, datt psychedelesch Rock Musek wäit vun dout ass.