Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychedelesche Soul vum Jim James

Funk a Soul

Psychedelesche Soul vum Jim James

"Eternally Even" heescht dem Jim James säin zweete Solo-Disk. De Sänger vun der amerikanescher Rock Grupp "My Morning Jacket" léisst dem Soul fräie Laf a presentéiert eng politesch Plack, déi vun R&B an astralem Funk duerchdrongen ass.

auto_stories

3 min

Jim James. Foto: picture alliance / Tord Litleskare / CITYPRESS24

Verzerrt Uergelen, eng lëfteg Batterie an ee kompriméierte Bass dominéieren dem Jim James säin neien Album "Eternally Even". De Sänger aus dem Kentucky presentéiert een Hybrid vun amerikanescher Musek - an dësem Fall eng psychedelesch Soul-Landschaft, déi dreemen deet. Seng duuss markant Stëmm fléisst iwwert eng Musek, déi u sech net an de rockege Kader vum Jim James senger Band "My Morning Jacket" ze passe schéngt.

Wéi eng Jam-Session

Op sengem 2013 Debut Album, mam geluedenen Titel "Regions of Light and Sound of God" war eng Selektioun vun eenzelne Stécker ze héieren. Am Fall vu senger neier Plack "Eternally Even" sinn déi néng Lidder klanglesch openeen opgebaut a fléissen aneneen iwwer. Dat ganzt spiert sech deels wéi eng intressant arrangéiert Jam-Session un. An dat ass keen Zoufall. D'Lidder baséieren op Iddien, déi den Jim James iwwert d'Joren gesammelt huet. Op "Eternally Even" huet hien an déi deels vergiesse Kreatiounen ee frësche Wand geblosen.

D'Lidd "In the Moment" kléngt zum Beispill wéi ee Funk-Klassiker, deen an een Aquarium gezappt ginn ass. De Fender Rhodes schimmert, an de kompriméierte Bass spruddelt ronderëm dem Jim James säi raimlech naasse Gesank. Déi eegenaarteg vintage Kompositioune vun "Eternally Even" op de Nolauschterer an - och wéinst der Hëllef vum Blake Mills, deen den Album mat produzéiert huet. Den etabléierte Gittars-Guru ass am Gaang sech een Numm an de Kontrollraim vun den decke Studioen ze maachen. Hien huet ënnert anerem den Alabama Shakes hire leschten, Grammy nominéierten Disk produzéiert, a schafft um nächsten Album vum John Legend.

Politesch Texter

"Eternally Even" dréit och dem Jim James seng bis ewell politeschst Texter. Den Album ass kuerz virun den amerikanesche Presidentiellen erauskomm. D'Lidd "Same Old Lie" war Deel vun der anti-Donald Trump-Campagne "30 Songs, 30 Days". Hei séngt den Jim James: "You can't build love out of guns and blood and sorrow".

Déi gesellschaftlech Tensiounen iwwert déi den Jim James a senge Lidder reflektéiert, behalen awer eng optimistesch Note. Um Ufank vum Album fënnt een dat paranoid "Hide in Plain Sight". Mat der Hymn "Eternally Even" kënnt den Album op en Enn. Dem Jim James säin zweeten Disk ass mat Momenter vu senger Intensitéit hier oppressiv, behält awer ëmmer ee séissen Toun. Een Album deen an dem amerikanesche Singer-Songwriter senger Carrière erausstécht.


"Eternally Even" vum Jim James ass den Album vun der Woch um radio 100,7 vum 21. bis den 27. November 2016.