Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quiet Flynt invitéiert op eng Rees

Elektronesch Musek um radio 100,7

Quiet Flynt invitéiert op eng Rees

De 5. Oktober spillt Quiet Flynt eng live Session am Studio vum radio 100,7. Dir kënnt am Studio dobäi sinn. Hie schwätzt iwwer seng Virléift fir dat Obskuert, an den Niwwel als musikalescht Konzept.

auto_stories

3 min

D'Frënn vun elektroneschem Ambient komme bei den E-Lodie Sessions op hir Käschten. De 5. Oktober um 21 Auer spillt Quiet Flynt live am Studio vum radio 100,7. D'Plaze si limitéiert. Wann Dir bei der Session wëllt dobäi sinn, reservéiert Är gratis Plaze mat engem Mail op events@100komma7.lu


De Claude Michels huet sech mat sengem Projet Sermeq bei Frënn vun elektronescher Ambient Musek en Numm gemaach. Sermeq war iwwer d'Joren zu engem Kollektiv gewuess. "Ech hat awer nach Iddien am Kapp fir ganz wéineg rhythmeschen an zimlech düsteren Ambient ze maachen." Sou koum et zu sengem neie Solo-Projet: Quiet Flynt.

An de Vokale vum Numm wier eng Referenz un ee vu senge groussen Aflëss verstoppt, erkläert de Claude. Bei Pink Floyd wier och en "i" am éischte Wuert, an en "y" am zweete Wuert.

Niwwel als Konzept

Genee wéi bei Sermeq, verschafft de Museker bei Quiet Flynt Field Recordings a senger Musek. Um éischten EP "Fog Scenes" hätt hie wéilten den Niwwel klanglech duerstellen.

"Niwwel ophuele mat engem Fieldrecorder ass schwéier. An dësem Fall war dat och net dat primäert Zil. Et geet ëm Niwwel als Ganzt - als meterologesche Phänomen, als eppes wat vill a Filmer virkënnt, wat och bësse méi obskur duergestallt gëtt ..."

D'Musek wier deementspriechend bëssen düster - awer och net nëmmen. Et géifen och melodesch Elementer dra vir kommen, a ganz positiv Momenter.

"Eng Begleedung"

Ambient Musek huet säin Ursprong bei Komponiste wéi dem Erik Satie, deen 1917 de Begrëff Musique d'ammeublement gepräägt huet, oder dem Brian Eno, dee mat "Music for Airports" 1978 eng éischte Kéier de Begrëff "Ambient" benotzt huet.

"Et soll eng Begleedung sinn. Et ass eng Musek, déi ganz gär och däerf matlafen, wou d'Nolauschterer och kënnen eppes anescht maachen, wärend se lauschteren", seet de Claude Michels. "Et ass eng Rees. An d'Musek soll hir Rees dee Moment begleeden. A si däerfen dra fannen, wat och ëmmer se wëllen."


Dat ganzt Gespréich mam Claude Michels, den 23. Abrëll mam Marc Clement an der Emissioun Spektrum

Lauschterenplay_arrow