Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quo vadis?

Iechternacher Festival

Quo vadis?

Wéi geet et weider mam Iechternacher Festival? Viru Kuerzem gouf d'Luxfestival asbl opgeléist, déi Associatioun, déi iwwer 40 Joer laang den Iechternacher Festival organiséiert huet. Domadder gëtt et keng Organisatiounsstruktur méi fir deen traditiounsräiche Museksfestival. D'Stad Iechternach schéngt allerdéngs net ofgeneigt ze sinn, d'Manifestatioun z'iwwerhuelen.

auto_stories

2 min

Den Trifolion zu Iechternach.

Während d'Kanner dobausse liichte gaange sinn, gouf et am Büro vum Iechternacher Festival keng Zockerbounen. Déi Responsabel vum Iechternacher Festival hunn der batterer Realitéit missen an d'A kucken an d'asbl Luxfestival opléisen. "Dat ass en trauregen Dag", sot de President, de Julien Alex. "Iwwert 40 Joer laang sinn déi gréissten Nimm vun der Klassik a vum Jazz an der Abteistad defiléiert, elo gëtt et keng Méiglechkeet méi, fir weiderzefueren."

Ëmbroch an der Musekszeen

Et sinn déi nei Donnéeën an der einheimescher Musekszeen, déi de Verwaltungsrot vu Luxfestival letztendlech dozou bruecht hunn, e Schlussstréch ze zéien. "Zënter et d'Philharmonie gëtt, huet sech d'Situatioun fir eis radikal verännert", seet de Julien Alex. Déi Artisten, déi soss op Iechternach koumen, trieden elo an der Philharmonie op.

Een anere Facteur ass d'Altersstruktur vum Public, dee mam Iechternacher Festival gealtert ass. Reforme vum Programm - Trennung vun Jazz a Klassik, abanne vu lokale Museker, Open-Air-Manifestatiounen, en Artist in Residence - hunn net deen néidege Succès bruecht. Derbäi kënnt, datt Directrice administrative vum Festival, d'Mariette Scholtes, an d'Pensioun gaangen ass. Et feelt deemno eng Persoun, déi sech vollzäit ëm d'Organisatioun ka këmmeren.

Aus all dëse Grënn huet d'asbl Luxfestival keng aner Léisung gesinn, wéi sech opzeléisen.

D'Stad Iechternach iwwerhëlt

Wéi et elo weidergeet, dat läit zënter e Freideg net méi an der Hand vu Luxfestival. Fest steet, datt et 2018 e Festival gëtt, den den Trifolion organiséiert. Fest steet och, datt déi zwee kënschtleresch Leeder, de Benedikt Fohr fir d'Klassik an de Gast Waltzing fir den Jazz, weidermaachen.

"Et wier schued, wann den Iechternacher Festival géif verschwannen", seet den Direkter vum Trifolion, de Ralf Britten. Am 100,7-Interview huet den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler confirméiert, datt d'Gemeng Iechternach an Zesummenaarbecht mam Trifolion an Zukunft e Festival wäert organiséieren. Fir 2019 misst ee sech awer en neit Konzept ausdenken.