Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réien Driff, raue Sound a raffinéierte Pop

Foals - Everything Not Saved Will Be Lost, Vol. 1

Réien Driff, raue Sound a raffinéierte Pop

Een Album, op deem déi pur Energie vun der Band esou an de Virdergrond réckelt, datt een de Sound als Live Sound, an d'Plack als Liveplack versteet; an eng Lawin vu raue Pop-Nummeren. D'Schlagwuert Stadion-Rock schéngt der Plack unzeheften.

auto_stories

3 min

"Alles wat net gerett gëtt, geet verluer", esou titelen op Lëtzebuergesch iwwersat den Oxforder Quartett Foals den éischten Deel vun engem Dyptich vun zwee Albumen, déi 2019 erauskommen. Vol. One, steet dofir hanner dem epeschen Titel.

Den Album, deen elo eng Woch eraus ass, gouf vu ville Journalisten am Konsens als Tour-Album bezeechent, an effektiv hunn d'Foals Slots op alle grousse Festivallen dëse Summer. Wann een d'Plack opleet, kann ee vum Sound am Ufank iwwerrascht sinn. Am Kontrast zum glat produzéierte Virgänger "What Went Down" ass dës Plack vun der Band selwer produzéiert a kléngt vill méi däischter.

Synthie passéieren duerch 80er-Joren digital Effektgeräter, während dem Frontmann Yannis Philippakis säi wonnerbar schlängelege Phrasé a grellem Hall gedränkt ass. Mee de Song lieft an otemt an dëser hymnescher Zopp. Et ass eng perfekt Entrée en scène mat Crescendo an de Très bon goût.

Duerno kënnt d'Single "Exits", déi mat hirer syncopéierter Rhythmussektioun eng mesuréiert, grooveg an elegant Band weist: Foals hunn net nëmme sech selwer, mee och den Nolauschterer a seng Stëmmung fest am Grëff an engem Pop Song, dee Stadione soll rocken.

Wann de Philippakis Textpassagë séngt, déi dem Zäitgeescht, sief et kënschtleresch oder politesch aus der Séil schwätzen, weess een, datt een et hei net mat seichte Proposen ze dinn huet. "Cause they watch us in sleep and the language that we speak and the secrets that we keep to ourselves in our dreams", an effektiv erënnere Foals e bëssen un déi ëmmer dreckeg Verdreemtheet vu The Cure oder déi aus aktuellem an tragesche Grond vill beschwaten Talk Talk.

Et huet een déi liicht zoppeg Produktioun an de Partie pris, an deen een hei elegant gedréckt gëtt, spéitstens beim drëtte Song verstanen, "White Onions", op deem déi pur Energie vun der Band esou an de Virdergrond réckelt, datt een de Sound als Live Sound, an d'Plack als Liveplack versteet. De Math Rock, am Song virdrun nach a perfekte Pop distilléiert, schléit hei réi an effikass duerch. Aus Talking Heads Influenzen a Punk mësche sech Suitten zesummen, op déi een de Philippakis scho Crowdsurfe gesäit, eppes wat hie sech ni verbidde léisst.

Ass "Everything Not Saved Will Be Lost" also déi perfekt kommerziell Promotiounsaktioun fir eng Europa- an Nordamerika-Tour? Ganz sécher net. Wéi vill aner fantastesch Popnummeren nach op dëser Plack sinn, kënne mir hei emol net opzielen. Op "Everything Not Saved Will Be Lost" begéine sech réien Driff, raue Sound a raffinéierte Pop fir ee Grapp Songs, déi Loscht op Live maachen. Loosst d'Festivalle kommen.