Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reis Demuth Wiltgen: Places in Between

Album vun der Woch

Reis Demuth Wiltgen: Places in Between

Si gehéieren zu deenen erfollegräichste Museker vu Lëtzebuerg. Deen neien Album presentéiere si mat engem ganz Groussen. Reis, Demuth a Wiltgen iwwer déi zweet Plack, New York an den Joshua Redman.

Manuel Ribeiro / ys

auto_stories

3 min

©Marlene Soares

Am September kënnt deen zweeten Album vu Reis Demuth Wiltgen offiziell eraus. Entdecke kann een e schonn am Mäerz. Den Trio presentéiert säin neit Wierk am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. Begleet gi si vun engem internationale Star vum Jazz: Den amerikanesche Saxophonist Joshua Redman.

"Mir haten a Südfrankräich zu Vitrolles um Charlie Jazz Festival gespillt," erënnert sech de Paul Wiltgen. "Eisen Optrëtt war virum Joshua Redman op där selwechter Bühn. An hien huet sech immens fir eis Musek begeeschtert. Kuerz drop huet hien eis kontaktéiert, fir eng vun eise Kompositioune kënne mat senger Band ze spillen."

De Sound vum Trio

"Places In Between", sou heescht deen neien Album. Genee wéi um Virgänger stamen d'Kompositioune vun deenen dräi Museker: "All Mënsch bréngt seng Stécker bie d'Band an da schaffe mir zesummen un den Arrangementer," erkläert de Pianist Michel Reis.

Duerch déi vill gemeinsam Optrëtter wär den Trio sech musikalesch vill méi no komm, sou de Batteur Paul Wiltgen: "Fir den zweeten CD hate mir eng besser Iddi dovun, wat de Sound vum Trio ass a wéi eng Stécker fir dës Band gutt funktionéieren."

New York - een Dschungel?

Wéi den Titel vum neien Opus et undeit, sinn d'Museker vill ënnerwee. De Paul Wiltgen an de Michel Reis liewen zu New York. D'Opnamen zu "Places in Between" sinn och an engem Studio an der amerikanescher Metropole entstan. "Ech hu just missen ageflu ginn," seet de Bassist Marc Demuth. "Mir hunn eng Woch do geschafft. Et war eng fantastesch Zäit."

Zu New York wär et net méi schwéier, fir Concerten ze spillen, wéi an europäesche Stied, seet de Michel Reis. "Et ass iwwerall net ëmmer einfach seng Musek ze placéieren. New York ass bësse wéi een Dschungel, mee et ass awer duerchaus méiglech do Fouss ze faassen." Virun allem d'Ressourcen u Museker wären immens grouss. Et wär einfach, fir och méi speziell Instrumenter ze fannen.

Am Stéck "Where the Heart Beats" beschäftegt de Michel Reis sech mat sengen zwou Heemechten. "Eigentlech läit mäin Häerz zu Lëtzebuerg an zu New York. Den Titel ass eng Widmung un déi zwou Plazen."


Den 21. Mäerz presentéiert den Trio Reis Demuth Wiltgen säin neien Album an der Emissioun Blue Note. Bei CD-Jazz gëtt d'Wierk duerno a senger Integralitéit diffuséiert.

Audio: D'Gespréich vum Manuel Ribeiro mat de Museker: