Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Release-Concert fir eng eemoleg Live-Plack: Bartleby Delicate & Friends an de Rotonden

Rencontere ronderëm “Deadly, Sadly, Whatever”

Release-Concert fir eng eemoleg Live-Plack: Bartleby Delicate & Friends an de Rotonden

Als "Bartleby Delicate" gouf de Georges Goerens 2018 an der Rockhal zum "Promising Artist of the Year" gewielt. Zanterhier huet hie vill Musek erausbruecht, grouss international Showcase-Festivale gespillt, an ass getourt.

auto_stories

1 min

Trotz zwee Pandemie-Joren huet hien ee Karriärhéichpunkt erlieft, deem säin Ofschloss duerch Covid laang op sech waarde gelooss huet: ee Concert an der Philharmonie, zanter 2020 verluecht, huet dem Singer-Songwriter fir d'éischte Kéier erlaabt, sech eng Wonschband zesummenzestellen, a ganz akustesch un eng Selektioun vu senge Songs erunzegoen.

D'Arrangementer hu sech fir dëse ganz besonnesche Concert ënner dem Apport vun Jamie Reinert um Pedal Steel an de Gittarien, der Claire Parsons op de Backings an den Tasten, dem Nick Sauber op Bass an Cello, an dem Christophe Demart op den Drums verwandelt.

De Concert an der Salle de musique de chamber gouf integral opgeholl an ass elo prett, op Vinyl erauszekommen. Fir d'Release vun der eemoleger Opnam triede Bartleby Delicate & Friends dann nach eemol an derselwechter Konfiguratioun op, dëse Samschden, an déi Kéier zu Bouneweg an der grousser Rotonde.

Et versprécht ee musikalesch héichklassegen Owend ze ginn. Iwwer d'Hannergrënn steet de George Goerens dem Marc Clement Ried an Äntwert, mee och iwwer Seed to Tree an ENGLBERT, zwee aner Projeten, an déi de Songwriter involvéiert ass, ginn ugeschwat.