Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Resonanzen: klassesch Musek, live moderéiert

Rentrée beim 100,7

Resonanzen: klassesch Musek, live moderéiert

Dir lauschtert gäre klassesch Musek? Dann ass "Resonanzen" déi richteg Emissioun fir Iech. De Guy Engels erzielt, wat d'Nolauschterer vun der Rentrée un all Dag um 14 Auer erwaart.

auto_stories

3 min

Lëtzebuerger Museker spillen eng grouss Roll am Guy Engels senger Emissioun

Wéi eng Iddi stécht hannert "Resonanzen"?

Guy Engels: Déi musikalesch Aktualitéit ass eng enorm wibbeleg. Et bougéiert immens vill zu Lëtzebuerg, an dat net nëmmen an der Philharmonie. D'Concertshaus huet virun eelef Joer doudsécher eng ganz nei Dynamik an d'Zeen bruecht, mee och iwwer Land deet sech Villes: spannend Barockmusek beim Festival am Uelzechtdall, flott Kammermusek zu Buerglënster, beim Iechternacher Festival oder bei Musek am Syrdall. D'Conservatoiren an der Stad an zu Esch hunn hir eege Concertsreien, Diddeleng en internationalen Uergelfestival. Et gëtt also genuch ze verzielen - an dat geschitt an där neier Emissioun. Si soll de Resonanzkierper vun der Aktualitéit an der klassescher Musek sinn.

Wat fir eng Roll spillen d’Lëtzebuerger Museker an der Emissioun?

G.E.: Eng Grouss. Dat ëmsou méi, well antëscht eng ganz Partie lokal Museker national an international Fouss faassen. Ech nennen als Beispill nëmmen déi zwou Pianistinne Cathy Krier a Sabine Weyer. D'Cathy Krier huet fir seng CD-Produktiounen a sämtleche Fachzäitschrëften décke Luef kritt a war och scho fir déi renomméiert Concertsrei "Rising Stars" nominéiert. D'Sabine Weyer ass och um beschte Wee, sech eng international Carrière opzebauen. Hat war elo op enger Däitschland-Norwegen Tournée a wäert demnächst eng Bach-CD erausbréngen. Wa mer also vun Aktualitéit schwätzen, dann ass et net nëmmen den opulente Concertsagenda, da sinn et och déi national Interpreten a Komponisten an hir Geschichten.

Wat erwaart den Nolauschterer nach?

G.E.: Den deeglechen CD-Tipp. D'CD - op d'mannst déi aus dem Klassik-Segment - ass alles anescht wéi dout an iwwerlieft. Dat léist sech un deene sëllechen neie Publikatiounen ofliesen, déi quasi Dag fir Dag an d'Haus kommen. Et wäert also a "Resonanzen" och vill fuschnei Musek a rezent Opnamen ze héiere ginn.

Resonanzen gëtt vu méindes bis freides live moderéiert ...

G.E.: De Presentateur ass den éischten Uspriechpartner vum Auditeur, deen op eng labber Manéier duerch déi ënnerschiddlechst Sujete begleet. Dat passt och an d'Iddi vu kontinuéierlecher Live-Presenz um Radio bis an den Owesprogramm eran.

Wéi ee Stellewäert huet d'klassesch Musek zu Lëtzebuerg?

G.E.: Nach huet d'klassesch Musek - zu Lëtzebuerg wéi op ville Plazen - den Image vum Almoudeschen. Et gëtt antëscht bei deene jonken Artisten awer d'Bewosstsinn, dat Bild mat engem positiven, dynamesche Marketing ze konteren. Presenz op de sozialen Netzwierker, Kommunikatioun an a baussent dem Concertssall - dat verännert déi soss e bësse steif Presentatioun. Wichteg bleift awer vrun allem, datt de Kënschtler op der Bühn keng Konschte mécht, mee authentesch bleift - dat kënnt och bei engem jonken, oppene Public gutt un.


"Resonanzen" leeft vu meindes bis freides um 14:00 bei eis op der Antenn

Presentatioun vum Programm