Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rick James - Mary Jane

Musek

Rick James - Mary Jane

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

1978 kennt d'Lidd "Mary Jane" vun Rick James zesummen mat senger Grupp Stone City Band eraus. Et war di 2. Single, no "You and I", an war ze fannen op sengem Debutalbum "Come Get It!". Rick James ass 1948 zu New York gebuer. No enger mouvementéierten Jugend an villen klengen Gruppen an deenen hien gespillt huet, hellt den James sain eischten Album 1978 mat senger Grupp Stone City Band zu New York op. Als Multi-Instrumentalist, huet hien dat meescht selwer geschriwwen an gespillt. Hien huet deemools mam Motown sub-label Gordy Records ënnerschreiwen. Hien huet dem Label Motown säin éischten kommerziellen Hit säit Joren ginn, si waren deemools an enger schlechter Phase.

Den James seet hien wier staark beaflosst vun Marvin Gaye an Stevie Wonder, mee säin Sound klengt awer och vill no Rock Fusiounen an New Wave. Mi spéit deeft hien dann säin eegenen Genre Punk-Funk. Hien leet hei mat sengem Nummer 1 Hit "Mary Jane" d'Fondatiounen fir den Rescht vun senger weltwäiter Karriäre an allgemeng fir d'Entwécklung vun senger hybriden Funk Musek. Den Titel ass därmoossen zu engem Kulturbegrëff ginn dass hien kuerz drop Mary Jane Girl's gegrënnt huet, eng Girlgrupp bestoend aus seng alen Backup Sängerinnen, vun deenen hien och eent bestueden wäert. Seng rasend Karriäre an säin verréckten Superstar Lifestyle huet leider dozou gefouert dass hien mat 56 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen ass. Den Track "Mary Jane" ass natierlech am Rap zu enger allgemenger Hymne ginn, engersäits wéinst dem Rick James senger extravaganter Personalitéit, anerersäits awer och wéinst senger net all ze verstoppter Libeserklärung un Marihuana, och Mary-Jane genannt.

Den Irv Gotti sampelt dem Rick James säin Lidd wéinst der Ufroe vum Jennifer Lopez sengem Label. Hien mécht doraus dem J-Lo säin "I'm Real (Murder Remix feat. Ja Rule and Ashanti)". J-Lo ass eng Latino Pop Sängerin déi mat dësem Lidd probéiert e puer Hip-Hopper Häerzen ze eroberen. Säin Text ass geschriwwen vum Ja Rule an ass gläichzäiteg um J-Lo sengem zweeten an Ja Rule sengem drëtten Album. Den Remix ass zimmlech lächerlech an steet fir mësslongen Pop-Rap-Mëschungen, wéi et der Enn 90er onendlech vill goufen. Et muss een awer soen dass et en Welthit ginn ass, an huet eng gewëssen Art vun Hip-Hop e bëssen méi an d'Rampenlicht gefouert.

En vill méi authenteschen Remix bitt hei den Redman mat "Smoke Buddah". Et ass produzéiert vun Redman selwer an war op sengem zweeten Album "Muddy Waters" ze fannen deen 96 erauskomm ass. Thematesch passt den Redman hei natierlech wéi d'Fauscht op d'Aen, well hien erkläert mat sengem üblechen Storytelling Talent wat hien fëmmt an firwat hien dat esou gär mécht.

Den Sample huet et souguer bis an Japan geschafft mam DJ Honda. Hien sampelt hei den Rick James fir d'Lidd "On The Mic". Hien Lued hei d'Amerikaner A.L., Cuban Link, Juju & Missin' Linx op säin Lidd drop an, dat ganz war um Album "HII" ze héieren.