Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riz Ortolani - Cannibal Holocaust

Sample vun der Woch

Riz Ortolani - Cannibal Holocaust

D'Leitmotiv vum Horrorfilm koum 1980 eraus. Den Ortolani ass een italieeneschen Komponist, dee vun 1926 bis 2014 gelieft huet an en etlech Soundtracke produzéiert huet. D'Geschicht vum Lidd.

auto_stories

2 min

De Riz Ortolani huet de Soundtrack vum Horrorfilm "Cannibal Holocaust" geschriwwen, deen 1980 erauskoum. Den Ortolani ass een italieeneschen Komponist, dee vun 1926 bis 2014 gelieft huet. Hien huet etlech Soundtracke produzéiert - den Tarrantino ass zum Beispill Fan vun him.

Dat, wat bei dësem Soundtrack bemierkenswäert ass, ass d'Distanz vun der Musek par Rapport vun der Aktioun vum Film. Wärend zum Beispill Gemetzeltes um Bildschierm leeft, geet d'Musek ëmmer calme a melancholesch weider, e bëssen wéi bei "Clockwork Orange".

D'Musek mécht duerch seng lieblech Melodien de Film bizar an nach méi schwéier ze kucken. "Cannibal Holocaust" gëllt als ee vun den wichtegsten Horrorfilmer iwwerhaapt a gouf zéng Deeg no senger Sortie confisquéiert, well e Verdacht op e richtegen Mord am Film war. Obwuel de Produzent fräigesprach gouf, gouf de Film weiderhin a 50 Länner verbueden, wéinst Folterzeene mat liewegen Déieren.

2004 huet de Klub Des Loosers de Sample benotzt fir säi Lidd "De l'amour à la haine", dat war op sengem éischten Album "Vive La Vie". De Rapper aus Versailles rappt hei iwwer seng Ex-Frëndin, Mënschen- a Fraenhaass allgemeng.

Mat bäissendem Sarkasmus a falscher Naivitéit kräischt an jäizt hien hei hallef seng post-pubertär Texter iwwert e monotone Beat. Hanner senger Plastikmask verstoppt sech eigentlech eng deep sozial Analys, dohier eegent sech de Sample wonnerbar fir seng Mënschefeindlechkeet. Ech géif esouguer behaapten, den Horrorfilm ass just hallef esou schlëmm wéi dem Fuzati seng Texter.

Eng aner Utilisatioun vum Sample ass hei zum Beispill vun der dätscher Grupp Waving The Guns. D'Lidd heescht "Für Alle" a kënnt vum Album "Eine Hand bricht die andere" aus dem Joer 2017. D'Lidd ass vill manner mënschefeindlech wéi déi aner. Ech géif et als gudden ale Battle-Rap aus Rosktock bezeechnen.

Als lescht Versioun stellen ech d'Grupp Sonicon aus Michigan vir. Mat hirem Lidd "Death" schrauwen si d'original Lidd op ganz 40BPM erof a maachen Vaporwave doraus.