Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E verkannten Held vun der Indie Crowd

Robert Forster - Inferno

E verkannten Held vun der Indie Crowd

Nick Cave, AC/DC, Kylie Minogue. Dat sinn alles weltberühmte Museker vum australesche Kontinent. Ee Museker ass zwar net weltberühmt, gëtt zwar vun hinnen all - ok, vläicht net vun AC/DC - zanter Joerzéngten als nationalen Treasure gefeiert. Rieds ass vum Robert Forster. De Museker huet mat "Inferno" säi siwenten Album erausbruecht.

auto_stories

3 min

Ech war zwar selwer nach ni am australesche Brisbane, mee wann een dem Robert Forster säin Ouer schenkt, da muss een dovunner ausgoen, datt d'klimatesch Konditiounen engem zousetzen. Um leschten Disk "Songs To Play" de Song "Turn On The Rain", op "The Evangelist", deem Disk virdrun, "If It Rain", an de Longplayer virdrun huet esouguer "Warm Nights" geheescht. An elo um neien Disk "Inferno" e Song "Inferno (Brisbane in Summer)".

"Let me, let me, let me out", wat wéi e Ruff no Hëllef kléngt, esou kléngt den Opener vum neie Robert Forster Album awer och no enger verschruebelter Zort Verlaangeren no doheem. De Forster huet mat "Inferno" nämlech säin éischten Disk zanter 1990 nees zu Berlin opgeholl. An et war natierlech waarm zu Berlin, mee de Summer zu Brisbane schéngt awer nach ëmmer e groussen Androck hannerlooss ze hunn.

De Robert Forster ass, maache mir eis näischt vir, ee vun deene verkannten Helde vun der Indie Crowd. D'Go-Betweens, déi an der zweeter Hallschent vun de 70er opgedaucht sinn, an an den 80er grouss Pop-Entwërf geworf hunn, sinn 2006 tragescherweis op en Enn komm, wéi dem Forster säi Partner in crime Grant McLennan gestuerwen ass.

Den Deuil ass an deenen 13 Joer gemaach an "Inferno" ass an deem Sënn eppes ganz Spezielles. De Robert Forster ass ëmmerhin 61 Joer jonk, mee um siwente Soloalbum séngt hien engersäits mat enger Verve vun engem 20-Jähregen, anerersäits kléngt hie wéi de gestanene Mann, deen hien ass.

Datt eng vum Robert Forster seng gréisste Suergen also d'Wieder ass, huet u sech eppes ganz Berouegendes. Well, Interviewen no, ass him zanter dem leschten Disk näischt weider geschitt. "Inferno" ass am Fong wéi eng Bréiffrëndschaft vum aneren Eck vum Planéit ze verstoen, déi och no Joren a Joren oprechterhale gëtt. Well u sech huet sech um Schreiwes vum Forster net vill gedoen. Respektiv, d'Schreiwes entsprécht elo endlech dem Alter, dat de Forster huet. Well altklug an iwwerdriwwe romantesch waren d'Go-Betweens schonn deemools. Just, dat huet een deemools New Romanticism genannt.

Et ass ni ëm de Fame gaangen

Den Album ass eng Momentopnam vun deem, wat tatsächlech beim Forster am Kapp grad mijotéiert. Verpasste Chancen, d'Realisatioun, datt et ni ëm de Fame gaangen ass, och wann d'Go-Betweens deemools anescht geschwat hunn - just esou niewebäi, si haten ni de Fame - Léift, alles Themen op "Inferno".

An um flottste Song "This Morning" séngt hien "It's a new day / Another night that I've survived / My dreems have chased me / To the place that I've arrived / The sun'a at the door / It's knocking, the morning is a friend". Also alles gutt am waarme Brisbane! A wann hien da vu senger Fra musikalesch begleet gëtt, den Tindersticks Drummer mat u Bord an de Blumfeld Produzent hanner de Manette sëtzen huet, da léisst sech d'Bréiffrëndschaft schéi weiderspannen.

"Inferno" ass en onopgereegt, understaten Disk, deen a senger Liichtegkeet séier ze ënnerschätzen ass. Mee de Robert Forster gëtt vu senge weltberühmten australesche Musekerkompatrioten net ëmsoss als Nummer eent gefeiert.