Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robocobra Quartet - Jazz trëfft op Post-Hardcore

Aussergewéinlech Band

Robocobra Quartet - Jazz trëfft op Post-Hardcore

Bass, Batterie an zwee Saxophonen. Dat ass déi aussergewéinlech Konstellatioun vum Robocobra Quartet. D'Band vu Belfast huet en akademeschen Hannergrond. Trotzdem bleift hir Musek accessibel.

auto_stories

2 min

Robocobra Quartet um Eurosonic Festival

Robocobra Quartet trieden an enger ongewinnter Konstellatioun op. Batterie a Bass, awer keng Gittaren. D'Nord-Irlänner benotzen dofir zwee Saxophonen. Stilistesch si si influenzéiert vum Post-Hardcore, vun amerikanesche Gruppe wéi Fugazi oder Shellac. Dat vermësche si interessanterweis mat Elementer aus Jazz an zäitgenëssescher Kompositioun.

Kennegeléiert hu si sech um Sonic Art Research Center zu Belfast. Si hunn hei Saache wéi Sound-Design oder Akustik studéiert. Souwuel geographesch, wéi och stilistesch hu si verschidden Hannergrënn, erkläert de Sopran-Saxophonist Tom Tabori. "Den Nathan huet éischter een Elektro-Pop Hannergrond. De Chris kënnt aus dem Punk. Ech hunn Jazz a klassesch Klarinett studéiert, an den Thibault ass eng Mëschung aus lauter verschiddene Saachen."

Bach op Disco

Well si keng Gittare benotzen, wier am mëttlere Frequenzberäich immens vill Plaz, seet de Chris Ryan. Hien ass Batteur a gläichzäiteg Sänger bei Robocobra Quartet. Dëse Fräiraum notzen d'Museker fir z'experimentéieren. Mat verréckte Saxophon-Eskapaden, Bass-Chaos a vill Snare-Drum. Virun allem wéilte si net dat spillen, wat evident wier, erkläert de Chris Ryan. Wann d'Batterie een Disco-Beat am 4/4 Takt spillt, wier et eng schlecht Iddi, fir och eng Disco-Basslinn ze spillen. "Wann een en Disco-Beat spillt, solls de vläicht Bach oder sou spillen. An dat exploréieren. Dat geschitt bei eis vill."

Hiren akademeschen Hannergrond héiert een. Obwuel d'Museker experimentéieren, stieche si ee rigide Kader. Improviséiert gëtt just do, wou et virgesinn ass. Awer si gesinn dat Akademescht net als Barrière. Verschidde Leit géife sech duerch d'Musekstheorie aschränken, seet de Chris Ryan. Si géife just nach u bekannten Akkorden denken, u Majeur- a Mineur-Gammen. "Mä wann ee weider studéiert, léiert een, datt musikalesch alles ok ass." Et kéint een zum Beispill zwee Lidder gläichzäiteg spillen, an et als bi-tonal Kompositioun bezeechnen. Och wa vill Leit dat éischter als Kaméidi géifen interpretéieren.


Lauschtert d'Gespréich mat de Museker:

Robocobra Quartetplay_arrow


Links: