Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rock 'n' Roll Highschool?

Screaming Fields

Rock 'n' Roll Highschool?

Wou entdeckt een nei Lëtzebuerger Bands? Ganz kloer: Beim Screaming Fields. De Festival geet dëst Joer an déi zéngt Ronn. Vun e Freideg u kënne sech jonk Musekerinnen, Museker a Gruppen umellen. De Public an e Jury wielt aus alle Kandidaturen aacht Finalisten eraus. An déi kënen den 13. Juli an der Rockhal optrieden, a beschtefalls Präisser gewannen.

auto_stories

2 min

Dëst Joer si manner privat Partner beim Screaming Fields involvéiert. Jiddefalls si se manner present a visibel. Dofir sinn elo zwee Ministèren aktiv bedeelegt: De Kulturministère, deen e Präis parrainéiert, an de Ministère fir d'Gläichheet vu Fra a Mann. Deen huet sech als Haaptpartner un de Song Contest associéiert.

Dee Lidder-Concours gëtt et zanter 3 Joer, a leeft parallel zum Festival. D'Gewënnerin oder de Gewënner ka seng Musek professionell ophuelen, an et gëtt och e Videoclip realiséiert.

D'Thema, zu deem Lidder kënnen agereecht ginn, ass "It's called Democracy, Stupid!". Et geet drëm, de Centenaire vum Wahlrecht fir Fraen, an allgemeng d'Gläichstellung vu Fra a Mann mat der Musek ze thematiséieren.

"Jonk Lidderschreiwer sinn dacks vill méi engagéiert, wéi een heiansdo d'Gefill huet", seet de Sam Reinard vum Rocklab. Ronn 20 Songs géifen all Joer agereecht ginn.

Eegeninitiativ erfuerdert

Beim eigentleche Festival gëtt et eng Panoplie vu Präisser ze gewannen, vun Optrëtter am Atelier oder op der Fête de la Musique zu Diddeleng bis bei e Coaching-Package vum Rocklab, mat enger Opnam am Rockhalstudio.

Déi aacht Finaliste ginn och schonn am Virfeld vun hirem Optrëtt vu Professionellen encadréiert, a kréien elementar Spillreegele vum Concertsgeschäft vermëttelt.

Trotz dem villen Encadrement géif vill Eegeninitiativ gefrot ginn, seet d'Kulturministesch Sam Tanson, "mee déi brauch een eigentlech ëmmer am Liewen." Bei der Eegevermaartung op de Soziale Medie wier een zum Beispill op sech gestallt, awer et sënnvoll wier, wann een op Rotschléi an d'Erfahrung vun anere kéint zeréckgräifen.

Eng Nouvelle bei dëser 10. Editioun sinn d'"Ancienen". De Rocklab huet Kënschtler kontaktéiert, déi an der Vergaangenheet matgemaach hunn, sech zanterhier weiderentwéckelt hunn, an hiert Wëssen elo un déi Nei vermëttelen. Déi kéinten op méi Erfahrung zeréckgräifen, wéi d'Rockhal-Mataarbechter, seet de Sam Reinard. "Eng Band, déi X Wochen d'Joer tourt, schwätzt net nëmmen aus dem Buch, mee aus der Praxis."

Aschreiwunge lafen iwwer de Website screamingfields.lu.


Lauschterenplay_arrow