Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Bollywood an de 70er Joren

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Sample vun der Woch: Bollywood an de 70er Joren

Mir sinn nees am Bollywood vun den 70er Joren. Mir schwätzen nämlech iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma", geschriwwe vum Kalyanji Anandji.

auto_stories

2 min

Mir sinn nees am Bollywood vun den 70er Joren. Mir schwätzen nämlech iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma", geschriwwe vum Kalyanji Anandji.

De Film koum 1975 eraus an ech kennen e just, well e gesampelt gouf. Et geet ëm e grandiose Soundtrack mat epeschen Hymnen, dee geneesou accessibel wéi spannend ass.

Biller am Kapp

D'Museker spillen op dësem Soundtrack all leidenschaftlech hir Instrumenter, an d'Vokaliste sangen sech Séil aus dem Hals eraus fir de Krishna erbäizeruffen, meeschtens zugonschte vu getrennte Koppelen oder tragesche Problemer am Alldag.

De Soundtrack moolt Biller an de Kapp a léisst en en Deel vun engem faarwege Film ginn, och wann Dir wéi ech de Film ni gesinn hutt. Mee den Album kann och onofhängeg vu senger Funktioun als Film-Soundtrack appreciéiert ginn.

Déi indesch oder orientalesch Folk-Pop-Atmosphär ass extreem ustiechend, sief et wéinst de verréckte Gittar-Effekter oder den indesche Flütte-Melodien. D'Inder hu sécherlech vill vun der westlecher Musek geléiert, well ech Elementer vu franséischer Chanson an e puer offensichtlech amerikanesch Popnouten eraushéieren.

D'Dynamik vun dësem Album ass onheemlech. Et ass e Mix vu Volleksdänz, schwéiere Funk an duuss fléissende Pop-Melodien. D'Kompositioune si leidenschaftlech interpretéiert an dat Ganzt ass total irresistibel.

Dofir ass et ëmsou méi erstaunlech, datt den amerikaneschen Beatmaker Madlib de Sample geholl huet fir d'Lidd "Champion Sound" vum Album mam selwechten Titel doraus ze maachen

Dësen Titel ass en Deel vum Konzept-Album "Jaylib", deen hien zesumme mam Jay Dee gemaach huet.

Allkéiers wann de Madlib e Beat gemaach huet, huet den Jay Dilla driwwer gerappt an ëmgedréit

Dat Ganzt koum 2003 um Label Stones Throw eraus. Déi zwee Beatmaker hire Flow ass elo net dat aller Verrecks, mee hir Kollaboratioun huet awer duerch hir innovativ Beats largement Kultstatus erreecht.