Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: E wichtege Bestanddeel vun der Hip-Hop-Geschicht

Skull Snaps - It's a New Day

Sample vun der Woch: E wichtege Bestanddeel vun der Hip-Hop-Geschicht

"Skull Snaps" ass deen éischten an eenzegen Album vum enigmatesche Funk Trio, Skull Snaps. Den Album gouf 1973 beim ale GSF Records Label verëffentlecht. "Skull Snaps" gouf eng legendären a recherchéiert Funk Plack an iwwer 550 Mol an all Museksrichtung gesampelt. Den Artwork vun der Plack ass eng skurril Kompositioun, déi méi bei eng Rockband géif passen.

auto_stories

2 min

D'Museker wollte keng Fotoe vun hinnen um Cover, dofir gesäit ee just dräi grouss Käpp, begleet vun dräi méi klenge Skeletter an eng Schrëft, déi mat Schanke geschriwwen ass. Dësen Design beweist och d'Ignoranz vum Label eng Plack uerdentlech ze vermaarten. D'Grupp kritt null Opmierksamkeet vun de Medien an de Label geet no knapp sechs Méint och ënner. D'Band hat doduerch keng Chance eleng weiderzemaachen. Si hu sech schlussendlech am selwechte Joer vun der Verëffentlechung vum Album opgeléist.

Den Album enthält eng Vilfalt vu verschiddene Stiler vu Funk a Soul, dorënner dreckeg Funk Riffs, upbeat Soul Lidder a soulful Balladen. D'Band weist och meeschterhaft beherrschten Harmonien, all Member ass Gesangs-technesch "in tune and on time". Den Album a sech ass sécher net dee beschten - et ass just eng uerdentlech Funk-Plack aus de fréie 70er vun e puer talentéierte Museker. Original Placke vun 73 gi mëttlerweil fir dräistelleg Präisser op Discogs verkaf. Et ginn zwee Grënn dofir: éischtens et ass eng seele Plack, an zweetens, den Drumbreak aus dem Album gouf esou dacks gesampelt, datt warscheinlech schonn de Sample vum Sample gesampelt gouf. D'Lidd "It's a New Day" fänkt effektiv mat engem knuspregen a recherchéierten Drumbreak un. Den Album ass e wichtege Bestanddeel aus der Hip-Hop-Geschicht a vun der Musek allgemeng.

Eng ganz Generatioun vu Beatmaker hu sech dorun inspiréiert, wéi zum Beispill "Funky Child" vu Lords of the Underground. Mee Eric B. & Rakim, Digable Planets, DJ Shadow, Ol' Dirty Bastard, Das EFX a vill anerer ware wéinstens geneesou wichteg.

Do wou et elo méi interessant gëtt, ass wa Gruppe baussent dem Hip-Hop probéiere "Skull Snaps" ze sampelen. Zum Beispill The Prodigy mat "Poison". Dat kënnt vun hirem zweeten Album "Music for the Jilted Generation" vun 1994.

Och de Rob Dougan vu Mowax huet "It's a New Day" gesampelt fir säi "Clubbed to Death" doraus ze maachen. Dat Lidd gouf bekannt, well et am Soundtrack vum Film "Matrix" war.