Radioen

On air

Notturno  |  Junior Boys - Waiting Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Incredible Bongo Band - Apache

Hip-Hop

Sample vun der Woch: Incredible Bongo Band - Apache

Niewent dem Think-Break an dem Amen-Break, ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach - an huet e fonnt.

auto_stories

3 min

Mir schwätzen iwwer ee vun den bekanntste Breaks vun allen Zäiten. Niewen dem Think-Break an dem Amen-Break ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop. E gouf bal 1.000 Mol gesampelt.

Ursprénglech war "Apache" e Lidd aus de 50er Joren, gespillt vun de Shadows, mee d'Incredible Bongo Band huet et 1973 op hirem Album "Bongo Rock" gecovert.

D'Incredible Bongo Band war en Nieweprojet vum Studiomuseker a Bongo-Spiller Michael Viner. Hien huet mat senger Coverband ongebrauchte Studiozäit benotzt fir Perkussiouns-schwéier Instrumentaler a Pop-Covere mat afrikaneschen a latin Aflëss opzehuelen.

Dem Viner seng funky Versioun vun de Shadows hirem Hit "Apache" ass zu engem vun den éischten Hip-Hop-Breakbeats ginn. Effektiv hunn déi éischt Generatioun Hip-Hop-DJs, wéi zum Beispill Kool Herc a Grandmaster Flash, dem Viner sengem Perkussiounsbreak vertraut fir d'Leit an de Blockparties un d'Danzen ze kréien.

Si hunn dee klengen Deel, wou all d'Instrumenter aussetzen, ausser d'Drums, mat zwee Exemplare vun der Plack esou laang widderholl, bis datt d'Dänzer mat hire Moves um Dancefloor fäerdeg waren. D'original Lidd "Apache" hat a sech kee kommerzielle Succès, mee huet awer als Basis fir etlech aner Lidder a Genrë bäigedroen.

1981 koum dann offiziell dat éischt Lidd mam Apache-Break eraus, an zwar de Sugarhill Gang hiren Hit "Apache". Dat war op hirem Album "8th Wonder" a war quasi e Cover vum Viner senger Versioun. Et war esou e grousse Succès, datt et quasi en Overkill gouf a gouf eng ganz Zäit am Hip-Hop net méi benotzt.

Dofir gouf et awer zéng Joer méi spéit eng richteg Traditioun am Drum and Bass dëse Break ze samplen. Goldie huet säin "Timeless" um Label Metalheadz domat erausbruecht. De Sample ass esou zerschnëppelt, datt een et als éischt net erëmerkennt, mee no enger Zäit stiechen dem Viner seng Bongoen awer eendeiteg eraus.

Quasi nach zéng Joer spéit huet sech Hip-Hop nees mam Apache-Break versönt, an de Salaam Remi sampelt en hei op eng ganz ongewéinlech Aart an Weis: hie pitcht en erof a verlängert déi lescht Gittaren-Nout fir dem Nas säin ultra bekannte "Made you Look" doraus ze maachen.

Mee och an der elektronescher Zeen ass den Apache-Break vun Zäit zu Zäit ze héieren: de Switch mécht 2005 säin "A Bit Patchy" doraus. Säi "Fidget House Track" koum um Label Dubsided eraus a gëtt dem Original en neien Touch.

Fir méi Informatiounen iwwer den Apache-Break kënnt Dir de Film "Sample This" op Netflix kucken.