Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Stellvertriedend fir "Southern Soul"

Otis Redding - Try A Little Tenderness

Sample vun der Woch: Stellvertriedend fir "Southern Soul"

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Haut schwätze mer vum Otis Redding seng Interpretatioun vum Lidd "Try A Little Tenderness". Ursprénglech ass dat Lidd 1932 erauskomm an ass ëmmer erëm vu verschidde Kënschtler nei gecovert ginn. Déi Versioun déi eis haut interesséiert ass déi vum Otis Redding déi 1966 op sengem Album "The Otis Redding Dictionary of Soul" erauskomm ass. Otis Redding war ee vun de gréissten amerikanesche Soul an r'n'b Kënschtler vu senger Zäit a stellvertriedend fir dat wat een haut "Southern Soul" nennt. Hien ass 1941 zu Georgie, USA gebuer. Als Kand huet en am Gospel Chouer vu senger Kierch gesongen, a mat zéng huet en Piano, Gittar an Drums geleiert. Nodeems hien Enn 50er e puer Talentshowe gewonnen huet, gëtt den deemolege Rockstar Little Richard op hien opmierksam a stellt en an seng Grupp "The Upsetters" an.

Little Richard bleift säi ganzt Liewe laang e groussen Afloss, genau sou wei Sam Cooke. Ufank 60. plënnert hien op Los Angeles a probéiert sech do als Solo Act. No e bëssen hin an hier mëscht hien säin Debut um Label Stax, wat och direkt en Hit gëtt. Mëtt 60. war de Redding absolut etabléiert an eng vun de berüümste Stëmmen op der Welt. Mat sengen 1 Meter 85 a senge bal 100 Kilo war hien en imposanten Personnage mat enger kräfteger Stemm, mee hien huet och ganz gär seng vulnerabel Säit gewisen a war en Pionéier a Saache Rock an Soul. 1966 bréngt hien dann och dat heite Lidd eraus. "Try A Little Tenderness" geet lues a soulesch un, an entwéckelt sech an eng frenetesch r'n'b Konklusioun. Et ass arrangéiert vum Isaac hayes a kënnt och op Stax eraus. Kuerz viru sengem dout hellt hien säi gréissten Hit "(Sittin' on The) Dock of the Bay" op a stierft leider e puer Deeg drop mat 26 an engem Fliger Accident.

Vum Jay-Z bis bei de Kalo de 78 a Gospel MC

E puer Rapper hu sech drun probéiert "Try A Little Tenderness" ze samplen, woubäi dat bekanntst warscheinlech vum Jay-Z a Kanye West ass. Si samplen dem Redding säi Lidd op hirem Hit vun 2011 "Otis". Et ass méi wéi just eng Hommage, si schreiwen nämlech nieft den Titel ganz däitlech "Featuring Otis Redding". De Kanye West ass hei un der Produktioun, an hie modifizéiert d'original Lidd wéi gewéinlech net sou vill, hie mixt et just mat enger fetter Perkussioun a léisst den Jay-Z doriwwer rappen. Den deemolege Video ass vum Spike Jonze gedréint ginn. D'Lidd war op hirem kollaborativen Album "Watch The Throne". Mee zu Lëtzebuerg ass de Sample och benotzt ginn, an zwar op der EP "Les frères de la jungle" vun den 2 Bridder Kalo de 78 a Gospel MC. Perséinlech fannen ech dee Beat méi interessant wéi dem Kanye West säin. Déi Lëtzebuergesch Versioun ass 2012 erauskomm an ass nach ëmmer um Band Camp vun Alpha Toshineza verfügbar.