Radioen

On air

De Moien  |  Flyte - Amy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Tom Browne - Funkin' for Jamaica

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: Tom Browne - Funkin' for Jamaica

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Den Tom Browne war keen Onbekannte an den R&B Charts an der Period 1979-1989. Hien huet deemools Pop-orientéiert Material fir d'Labele Arista an GRP opgeholl. Den New Yorker Browne huet mat eelef Joer ee Joer Piano geléiert, duerno huet hien op Trompett gewiesselt, déi hien an der New York City High School of Music and Art studéiert huet. De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.

Seng Aarbecht mam Sonny Fortune a mam Lonnie Smith hunn dozou geféiert, datt hie mat GRP ënnerschriwwen huet. Och wann de Freddie Hubbard e groussen Afloss op hien hat, war dee gréissten Deel vum Browne senger Musek wärend där Ära kloer kommerziell orientéiert. Zum Beispill huet hien 1980 den Album "Love Approach" erausbruecht, op deem d'Lidd "Funkin' for Jamaica (N.Y.)" drop war. Säin Hit ass dräi Wochen Nummer 1 an den RnB Charts bliwwen an huet déi ganz Museksindustrie op hien opmierksam gemaach. Vum engem Dag op deen anere war hien e Star a sengem Beräich. Den Intro mat enger schriller Trompett-Nout ass direkt erkennbar, just dono setzt d'Bass vum Marcus Miller an a méi spéit de Refrain gesonge vun der Choristin Toni Smith.

Vu Black Eyed Peas bis Quad City DJ's

De Groove vun dësem Lidd ass extreem attraktiv a gouf dofir och bal 100 Mol gesampelt. De Will I Am huet dem Browne säi Lidd benotzt fir "What It Is" vu senger Grupp Black Eyed Peas ze produzéieren. Dat war op hirem éischten Album "Behind The Front", deen 98 erauskoum.

An engem ganz aneren Genre hunn och d'Quad City DJ's d'Basslinn vun dësem Lidd benotzt fir hire "Quad City Funk" doraus ze maachen. Dat war am Joer 96, eppes wat een dacks am Radio héieren huet.

D'Mariah Carey huet am Joer 2001 hiren Album "Glitter" erausbruecht an ee Lidd "Don't Stop (Funkin' 4 Jamaica)" genannt, wou si mam Rapper Mystikal och eng Reprise vum Brown sengem Hit mécht.