Déi schlicht Kuliss vum Studio 8 am radio 100,7 bitt e perfekte Kader fir Musek op eng éierlech Manéier an d'Fënster ze stellen. Den Optakt vun där neier Serie mécht den däitsch-lëtzebuergeschen Trio Say Yes Dog.
Mat "Lies" presentéiere si exklusiv en neie Song. Den zweete Longplayer vun der Elektropop-Formatioun kënnt Ufank 2019 eraus. Donieft interpretéiere si hire grousse Succès "A Friend". Am Januar wäerte Say Yes Dog niewent Napoleon Gold um Eurosonic Festival optrieden.