Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Scallops Hotel - Sovereign Nose Of (Y)our Arrogant Face

Album vun der Woch

Scallops Hotel - Sovereign Nose Of (Y)our Arrogant Face

Ënnert dem Numm Scallops Hotel verstoppt sech de 26 Joer alen Rory Ferreira. E Rapper vu Milwaukee, Wisconsin, dee sech iwwert déi lescht Joren e Numm als originellen an onofhängege Museker gemaach huet. "I convert and translate" steet ganz einfach op senger Bandcamp-Säit.

auto_stories

2 min

Wäit ewech vum Mainstream léisst den Rory Ferreira sengen Impulser fräie Laf a konvertéiert an iwwersetzt dës a Form vu verstréckten Texter a simpelen Texturen. Op senger neier Plack "Sovereign Nose of (Y)our arrogant Face" gëtt engem e klengen Abléck a säin imaginativen a virwëtzege Geescht gebueden.

Seng experimentell Kreatioune kéint een ënnert de Begrëff Lo-Fi Hip Hop klassifizéieren. Seng Musek ass net héich-produzéiert a versicht och net den Erwaardunge vun engem vasten an anonymme Public gerecht ze ginn. Den Rory Ferreira alias Scallops Hotel oder och Milo, verëffentlecht seng Musek ënnert sengem eegene Label Ruby Yacht. D'lescht Joer hat hien e klengen Duerchbroch mat der Plack "Who told you to think??!!?!?!?!". En Album, dee frësche Wand an e Macho-, bling-bling-dominéierte Genre geblosen huet. Säi neien Disk "Sovereign Nose of (Y)our arrogant Face" ass grad esou vun Iwwerfloss befreit. Mat spartaneschem Drumbeat a spirituellen a waarmen Jazz Akkorden schaaft den Rory Ferreira e meditativen Hannergrond. An a sengem stream of consciousness-aartege Rap léisst sech vill Poesie entdecken.

Impressioune ginn hannerlooss

Dem Rory Ferreira seng Texter si relativ zerebral. Hie benotzt dacks obskur Referenzen a spréngt fräi vun enger Iddie op déi aner. D'Konsumgesellschaft a materialistesch Bedierfnesser ginn ugeschwat. Awer och laang-vergiesse Comicfiguren, de Lazarus, Zyklop oder Leonard Nimoy. Et versteet een net alles. Dat ass och net schlëmm. Impressioune ginn hannerlooss. Duerch d'Texter souwéi och d'Musek. Art-Rap - esou gëtt dem Rory Ferreira säi Stil ofgestempelt. Deen neien Disk "Sovereign Nose of (Y)our arrogant Face" bleift awer accessibel an onpretentiéis. Déi rau Approche zu Sampling a Produktioun enthält Imperfektiounen, déi ënnersträichen, datt ee gewéinleche Mënsch hannendru stécht mat zwee Féiss um Buedem. Et ass dëst Zesummespill tëscht hausgemaachte Beats an eegewëllegen Texter, dat de Charme vu Scallops Hotel ausmécht.

D'Knappheet vun de Stécker ass och ervirzesträichen. Dat längste Lidd dauert zwou Minutten 53 Sekonnen. De ganzen Album bleift ënner 25 Minutten.

Eelef minimalistesch Tableauen, déi eckeg uneneereit sinn. E klengen Hip Hop Bijou. Eng rau Pärel.