Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schif Poplidder a stiliséiert Videoen

Aldous Harding - Designer

Schif Poplidder a stiliséiert Videoen

D'Aldous Harding danzt tëschent dem Gefill, alles ze kënnen, an der Impressioun, vum Universum erdréckt ze ginn. D'Resultat vun dëser Leidensgeschicht ass eisen Album vun der Woch. D'Vicky Stoll iwwer den neien Disk "Designer" vun der Neuseelännerin.

auto_stories

3 min

"I don't know how to behave - ech weess net, wéi ech mech behuele soll" séngt d'Aldous Harding um leschten Titel vun hirer neier Plack "Designer". Wie si schonn eemol live erlieft huet, dee weess, datt dat net esou dohier gesongen ass. D'Neuseelännerin huet nämlech eng ganz eege Bühnenästhetik an deet sech mat Interviewen dacks schwéier. Si verdréit d'Aen a grimasséiert beim Sange sou extrem, datt een heiansdo bal ewechkucke wëllt.

Wat kënnt als nächst?

Wisou huelen ech hei sou wäit aus? Ma, mat hire Lidder verhält et sech ganz ähnlech. All Song huet souzesoe säin eegenen Tick, eng kleng Irritatioun, déi dofir suergt, datt een als Lauschterer erëm gekëddelt gëtt. Dësen Effekt erreecht d'Aldous Harding dacks mat hirer extrem versatiler Stëmm, mat engem kuerze krommen Toun oder engem Falsetto-Chorus. Op anere Plaze entwéckelen déi zum Deel chiffréiert Texter en absurden Humor - an awer spiert een am Kontext ëmmer wat gemengt ass.

Wat huet een an der Primetime vu sengem Liewen zu Dubai verluer, freet sech hei d'Sängerin um Ufank vum Track "Zoo Eyes". Iwwerhaapt geet et um neien Album "Designer" ëm Froen, déi ee sech mat Mëtt Drësseg sou stellt, wann een ukomm ass. Wat kënnt elo als nächst? Sech nidderloossen a Kanner kréien?

An der éischter Single "The Barrel" bréngt d'Sängerin dës Angscht zum Ausdrock. Si séngt vu Kniet a vu Verflechtungen, wéi vun definitiven Decisiounen, déi ee fir ëmmer feststrécken an ni méi lassloossen. Wann si séngt "I feel your love", da kéint ee grad sou gutt héieren "I fear your love" - ech fäerten deng Léift.

Musikalesch beweege mir eis hei am Genre Folk/Pop, mee eleng mat där Kategorie gëtt een der Neuseelännerin net gerecht. Ähnlech wéi e Cate Le Bon oder ee Cat Power verfeinert si hire Stil vu Plack zu Plack a gëtt domat och ëmmer méi minimalistesch. Effekthascherei, produktiounstechnesch Kapriolen oder soss iwwerflächleche Ballast huet d'Aldous Harding ganz selbstbewosst ofgeworf. Hir Lidder gi mat all Reduktiounsmoossnam just nach besser. Dat schwätzt natierlech och fir d'Qualitéit vum Songwriting.

D'Aldous Harding schaaft sech hir eegen Ästhetik, déi genuch Spillraum fir all méiglech Interpretatioune léisst. Als komplex Kënschtlerperséinlechkeet reift si sech un de Realitéite vum Liewen an designt hir eege komesch an eckeg Perceptioun dovun.

Mat hire schife Poplidder an deene stiliséierte Videoe kann ee bei der neier Plack "Designer" ouni Virbehalt vun engem stëmmegen a villschichtege Gesamtkonschtwierk schwätzen, dat sech aus de gewinnte Formen eraushieft.