Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schmilco" ass groussaarteg onspektakulär

Rock a Pop

"Schmilco" ass groussaarteg onspektakulär

"Schmilco" ass deen zéngten Album vun der amerikanescher Rockband "Wilco". Et ass ee gréisstendeels akusteschen Disk, op deem d'Country-Wuerzele vun der Formatioun vun Chicago nach ëmmer matschwéngen.

auto_stories

2 min

Wilco - eng institutioun (Foto: Zoran Orlic)

Wilco ass eng Institutioun. D'Band gëtt et schonn éiweg, a mellt sech regelméisseg mat iwwerzeegende Produktiounen zeréck. Am Laf vun hirer 22-jähreger Carrière hu Wilco mat deene verschiddenste Stiler experimentéiert. Op deene rezente Wierker sinn d'Experimenter awer méi subtil.

Deen neien, zéngten Album stécht net doduerch eraus, datt e besonneg innovativ ass. Ganz am Géigendeel. "Einfach" an "éierlech" si wuel déi zwee Attributer, déi "Schmilco" am beschte resüméieren.

Onspektakulär an introspektiv

D'Instrumentéierung ass gréisstendeels akustesch. D'Produktioun ass waarm a lëfteg, d’Arrangementer kuerz a knackeg. Just dräi vun den zwielef Titelen dauere méi laang wéi dräi Minutten. Wat awer net heescht, datt et lauert potentiell Singele sinn. Et gi vill grouss Wilco-Momenter, mat zweestëmmege Gittaren, déi sech schlängelen. Et ginn holzeg Grooven, zu deenen et sech sécher gutt der Owessonn entgéint galoppéiere léisst.

Et sinn awer déi onspektakulär, introspektiv Momenter derzwëschent, déi "Schmilco" besonnesch maachen. Wéi den Opener "Normal American Kids", an deem de Sänger Jeff Tweedy den Nolauschterer mat ënner d’Betdecke vu senger bekifftener Jugend hëlt.

De Grondtoun ass op "Schmilco" nach ëmmer deen typeschen Alternative Country-Sound, dee vill Leit un der Band vun Chicago sou schätzen. Dat ass net hip oder modern. Zäitlos trëfft et éischter. Och de Schotz 90er Alt-Rock oder College-Rock däerf net feelen. Et ginn net vill Gruppen, déi hiren amerikaneschen Heritage mat souvill Goût a Subtilitéit assuméieren, wéi Wilco.

Düster a guttgelaunt

De Cover vu Schmilco ass e knallege Comic Strip vum spueneschen Illustrateur Joan Cornellà. Deen ass bekannt fir säi schwaarzen an dacks zyneschen Humor. D'Zeechnung passt perfekt bei den Album. Den Tweedy abordéiert zwar eescht, zum Deel düster, a wéi gewinnt ganz perséinlech Sujeten. Awer d’Band kléngt sou guttgelaunt wéi seelen.

De Cover vum Joan Cornellà

Dat ass en anere Facteur, deen dësen Disk zu engem bessere Wilco-Album mécht. Zu engem, dee beréiert. Well dat ass beim Sextett vun Chicago net ëmmer de Fall. Mol treffe si den Nol op de Kapp, mol ass et zwar gutt probéiert, awer d’Scheif leeft einfach laanscht een. "Schmilco" ass e Volltreffer.

Fir Frënn vun handgemaachener, amerikanescher Musek ass "Schmilco" ass dee perfekte Soundtrack fir dësen Hierscht.