Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sessions vu C'est Karma, Serge Tonnar, Hannah Ida an The Disliked

Food For Your Senses live am Studio

Sessions vu C'est Karma, Serge Tonnar, Hannah Ida an The Disliked

Véier Nimm, déi op der Affiche vum Food For Your Senses stinn, sinn och am Studio vum radio 100,7 opgetrueden. Hei kënnt Dir hir Sessions nach eng Kéier a voller Längt lauschteren.

auto_stories

3 min

C'est Karma

D'Karma huet 17 Joer a virun zwou Woche seng éischt EP Yellow erausbruecht. Datt de schwäizeresche Label Radicalis déi jonk Musekerin ënner Vertrag geholl huet, nodeems hire Projet C'est Karma knapps ee Joer existéiert, ass villverspriechend fir si.

An der live-Session um radio 100,7 huet si zwee Liebeslidder gespillt.

Lauschterenplay_arrow


Serge Tonnar an Eric Falcero

De Serge Tonnar an den Eric Falcero triede mat hirer Band Legotrip um Food For Your Senses op. Musek misst nees méi als Konscht ugesi ginn, an net just als Business, kritiséiert de Serge Tonnar am Interview.

Och si hunn e Liebeslidd interpretéiert: "HDMG". Dat zweet Stéck ass d'Vollekslidd, wat fir e Film vum Andy Bausch iwwer d'Geschicht vun de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg geschriwwe gi wier. "Et ass d'Geschicht vun deene Leit, déi sech agesat hu fir déi Generatioune vun haut", seet de Serge Tonnar. Zu där Zäit hätte vill Leit geschafft, fir datt et hire Kanner eng Kéier sollt besser goen a wéineg Zäit gehat, fir un hiert eegent Gléck ze denken.

Lauschterenplay_arrow


Hannah Ida

"Ech sinn e Mënsch, dee probéiert am Present ze liewen." Dat mat der Musek hätt sech fir si sou erginn, seet d'Hannah Ida. "Lo grad mécht et mir Spaass, an dat ass d'Haaptsaach."

Mat der Konscht kéint ee ganz gutt Leit beréieren. "Mech beréiere verschidde Saachen, déi ech a mengem Alldag erliewen, an déi mir duerch de Kapp ginn." Déi kéint si am beschten ausdrécken, wa si se a Konscht géif ëmwandelen. Et wier schéin, wann d'Leit eppes géife mathuelen an duerno géifen doriwwer nodenken.

Dat éischt Lidd aus der Session ass "Lightbulb", inspiréiert un engem Strummert, deen d'Sängerin all Dag gesinn huet. Deen zweete Song heescht "Olympe", deen huet si fir hir Frëndin Olympe geschriwwen.

Lauschterenplay_arrow


D'Rhythmussektioun vun The Disliked

The Disliked hunn zwee Songs aus hirem neien Album "Reggae Rescue" mat engem minimalistesche Set Up am Studio 8 opgeholl.

D'Band wier zweemol a Südfrankräich gewiescht. Wéinst der Hëtzt an dem Mier wier et op dësem Album einfach Reggae ginn, erkläre si. Et wier méi melodiös a méi gemittlech.

D'Texter vun The Disliked sinn zum Deel perséinlech, zum Deel thematiséiere si och gesellschaftlech Phenomener. Konscht hätt just eng Auswierkung, wann ee kritesch wier a wann ee Positioun géif bezéien, seet de Gittarist Cédric Metz. "Ech kéint owes net schlofen, wann ech iwwer Bitches géif sangen, an da moies géif mat Milliounen erwächen."

Lauschterenplay_arrow